Coronavirus zu LëtzebuergVun 1.128 PCR-Tester waren der 145 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.151 bliwwen ass.
© RTL

Aktuell sinn 13 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit den Ament ee Patient op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.291.833 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 394 waren ergänzend Dosen, wärend keen eng zweet Dosis krut a fir 2 Persoune war et déi alleréischt Impfung.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,23. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO