Coronavirus zu LëtzebuergVun 1.578 PCR-Tester waren der 285 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.151 bliwwen ass.
© RTL

Aktuell sinn 13 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit den Ament kee Patient op der Intensivstatioun.

140 Persounen hu sech eng weider Kéier mam Coronavirus infizéiert.

Am Ganze goufe bis ewell 1.291.808 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 409 waren ergänzend Dosen, wärend véier eng zweet Dosis kruten a fir eng Persoun war et déi alleréischt Impfung.

D’Reproduktiounszuel läit bei 0,68. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO