
Aktuell sinn 11 Persounen hospitaliséiert, ee Patient läit op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.290.631 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 119 waren ergänzend Dosen, wärend et bei enger Persoun déi zweet Dosis war a bei enger déi éischt.
D’Reproduktiounszuel läit bei 1,13. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.