Coronavirus zu LëtzebuergVun 10.196 Tester waren der 71 positiv, keen neit Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 71 positiv geteste Patienten, 53 vun hinne si Residenten. Dat fir den 19. August. Et goufe 10.196 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganze 7.637 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 706.629 Tester gemaach.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 610 aktiv Infektioune ginn a 6.903 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 34 (+1) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 3 Patiente dovunner sinn op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,92. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO