
Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 35 positiv geteste Patienten, 28 vun hinne si Residenten. Dat fir de 24. August. Et goufen 3.386 Tester gemaach.
Dat sinn elo am Ganzen 7.838 positiv Fäll.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 733.651 Tester gemaach.
Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 600 aktiv Infektioune ginn a 7.114 Persoune gëllen als geheelt.
Aktuell sinn 32 Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 1 Patient ass op der Intensivstatioun.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,06 . Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.