Coronavirus zu LëtzebuergVun 3.825 PCR-Tester waren der 347 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, weiderhi bei 852 läit.
© RTL-Grafik

Aktuell sinn 41 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 15 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 850.173 Impf-Dosisse genotzt. 2.792 Leit sinn en Dënschdeg geimpft ginn. 419.166 Awunner gëllen als komplett geimpft.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,25. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. Déi aktiv Infektiounen leien den Ament bei 2.640.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO