
Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 69 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganze 4.719.
Vun den Infizéierte sinn der 3.854 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 44 Joer.
Den Duerchschnëttsalter vun den 110 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 255.709 Tester gemaach. An de leschte 24 Stonne goufe 8.853 Tester gemaach.
Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 532 aktiv Infektioune ginn an 4.077Persoune gëllen als geheelt.
Aktuell sinn 27 Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 2 Patiente sinn aktuell op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 966 Mënschen d'Spidol nees verloossen.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,17.
