Coronavirus zu LëtzebuergVun 947 PCR-Tester waren der 201 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.154 bliwwen ass.
© RTL

Aktuell si 20 Persounen hospitaliséiert, dovunner leien den Ament 4 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.292.008 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 352 waren ergänzend Dosen, fir 3 Leit war et déi éischt Impfung, wärend 7 Leit eng zweet Dosis kruten.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,05. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO