Coronavirus zu LëtzebuergVun 960 PCR-Tester waren der 189 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 2 op 1.149 geklommen ass.
© RTL

Aktuell si 26 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit den Ament ee Patient op der Intensivstatioun.

100 Persounen hu sech eng weider Kéier mam Coronavirus infizéiert.

Am Ganze goufe bis ewell 1.291.709 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 432 waren ergänzend Dosen, wärend véier eng zweet Dosis kruten a bei 12 Persoune war et déi alleréischt Impfung.

D’Reproduktiounszuel läit bei 0,5. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO