PoliceVun en Donneschdeg op e Freideg gouf vill agebrach

RTL Lëtzebuerg
Ganzer 4 Abréch mellt d'Police an de leschte 24 Stonnen zu Lëtzebuerg.

An der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg gouf an engem Buttek an der Route de Trèves zu Nidderaanwen agebrach. Nodeems d'Déiwen d'Alarmanlag manipuléiert haten, hu si d'Diere vun der Galerie a vum Geschäft erausgehuewen. Am Commerce gouf eng nach onbekannte Unzuel un Zigarette geklaut.

Och zu Bëschdref am Helperterwee, zu Schraasseg am Millewee an zu Beidler um Wangert gouf sech onerlaabt Zoutrëtt zu Eefamilljenhaiser verschaf.

Back to Top
CIM LOGO