
Gutt 32.200 Euro si bis elo ausbezuelt ginn. 48 Demandë goufen era gereecht, vun deenen der bis ewell 15 traitéiert goufen. 24 Demandë koume vu Privatleit, déi aner vu Gemengen. Ënner anerem hu Gemenge Support gefrot fir d’Ëmsetzung vu Schutzkonzepter géint Héichwaasser a Staarkreen.
Dat äntwert d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op eng parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierte Carole Hartmann a Max Hahn.