Verkéierssécherheetscampagne"Wanterzäit 2022": Police presentéiert éischt Zuelen an engem Tëschebilan

RTL Lëtzebuerg
Zanter Mëtt Oktober mécht d'Police am Kader vun der Verkéierssécherheetscampagne Kontrolle mat Fokus op d'Beliichtung an d'Pneue vun de Gefierer.
© Police

Och den allgemengen techneschen Zoustand gëtt kontrolléiert.

Bis elo goufe bei dëse gréisstendeels preventive Kontrollen an am Ganzen 239 Fäll Warnungen ausgestallt, dat virun allem wéinst de Luuchte vum Auto.

An 310 Fäll gouf et Protokoller, well gréisser technesch Mängel festgestallt goufen. 37 Mol waren d’Luuchten net an der Rei, 41 Mol waren d’Pneuen net an der Rei a méi wéi 130 Automobilisten hate kee Contrôle technique.

29 Fuerer haten hir Charge net richteg geséchert, an 21 Fäll war den techneschen Zoustand vum Won net an der Rei a bei 20 Gefierer war d’Plackennummer net ze liesen oder net richteg fest.

Dës Kontrolle wäerten nach bis Enn Dezember 2022 weidergoen. Weider Informatiounen zur Campagne fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO