E Problem ass virun allem, datt an den Ufanksméint vum Joer wéineg Leit Blutt gespent hunn. Dowéinst mécht d'Croix-Rouge op en Neits een Opruff, fir Blutt ze spenden. Donieft huet d'Croix-Rouge ee Bilan vun zejoert gezunn.
Och an Zäite vun der Coronapandemie bleift et wichteg, Blutt ze spenden.Fir bestëmmten Traitementer si Bluttkonserven onverzichtbar.
Zu Lëtzebuerg gi pro Dag eng 120 Voll-Bluttspende fir d'Versuergung vun de Patienten an de Klinicke gebraucht. Hei am Land ginn et méi wéi 13.000 Bluttspender. Déi Zuel ass zejoert liicht eropgaangen.
Wéinst der Pandemie hunn d'Mataarbechter vun der Croix-Rouge all déi noutwenneg Hygiènesmesurë geholl. D'Personal an d'Bluttspender mussen zum Beispill Masken droen an Hänn desinfizéieren.
Een Unhaltspunkt, datt eng Longekrankheet wéi den Covid-19 hir Erreeger iwwert d'Blutt iwwerdréit, gëtt et net, esou d'Croix-Rouge. Deemno besteet an deem Zesummenhang eigentlech kee Risiko.
