
D'Santé huet recommandéiert, all Veranstaltung, bei där méi wéi 100 Leit dobannen oder méi wéi 500 Leit dobaussen zesummekommen, soll ofgesot oder verréckelt ginn. Hei en Iwwerbléck vun den Annulatiounen, déi d'RTL-Redaktioun bis ewell matgedeelt krut.
Duerch d'Decisioune vun der Regierung sinn all d'Evenementer ofgesot. Och déi meescht Administratiounen a Gemenge schaffen am Service réduit. Aus deem Grond wäerte mir och dësen Artikel net méi weider ausbauen. Sollt sech eppes un der Situatioun änneren, fannt Dir dat natierlech am Liveticker op RTL.lu.
D’Guichete vun de Commissariats de proximité vun der Police, déi just nach sporadesch fir d’Leit ophaten, gi fir de Public zougemaach.
Vun der Chamber heescht et dann, datt d'Kommissioune mol fir dës Woch ausgesat ginn an och d'Plenière kënnt just en Dënschdeg zesummen, dat awer mat Restriktiounen. Esou sinn d'Deputéiert iwwer 65 automatescht entschëllegt an verschidde Membere vun der Chamber mussen aus spezielle Raim d'Sëtzung verfollegen, fir dat den Ofstand agehale ka ginn.
Den Héichschoulministèredeelt da mat, datt d'Servicer, dorënner och de Cedies, net méi an de Büroe solle gemaach ginn, mä dat Ganzt iwwer MyGuichet oder E-Mail soll maachen.
An der Direktion de l'immigration ginn et dann och eng Rei Restriktiounen, ënner anerem wäerte verschidde Guicheten zou sinn.
Au vu de la situation actuelle, la Direction de l’immigration est contrainte de réduire l’accueil du public à partir du 16 mars 2020.
Ainsi, certains services de la Direction de l’immigration ne seront pas en mesure d’accueillir le public.
Resteront fermés jusqu’à nouvel ordre:
Le guichet «enrôlement» du Service étrangers qui accueille, sur convocation, les ressortissants de pays tiers en vue de la collecte de leurs données biométriques nécessaires pour la confection de leur titre de séjour et qui assure la délivrance des titres de séjour, restera ouvert au public (du lundi au vendredi de 8 h 30 à 12 heures et de 13 à 16 heures). Le public est prié de ne se rendre aux guichets de la Direction de l’immigration que pour les demandes urgentes.
Inter-Actions deelt mat, dass all d'Aktivitéite vum Ensemble Gare/Bonnevoie gestoppt ginn.
La Pause-Café, l’Ecrivain public, le Danse et fit avec bébé, et le Repas presque Parfait du 02. Avril 2020 sont suspendus jusqu’à nouvel ordre. Cependant nous restons joignable par téléphone pour tout renseignement, avec des permanences entre 9h00 et 11h30 et de 13h00 à 17h00 du lundi au vendredi, en appelant le 621 153 008.
D'Gemengerotsëtzung vun der Ville de Luxembourg, déi fir dëse Méindeg geplangt war, gëtt annuléiert, weider ass nach net kloer, wéini déi nächste Sëtzung wäert sinn. Och de Reyclingzenter an der Rue du Stade bleift bis op Weideres zou.
Och de Recylingzenter zu Kielen wäert vun en Dënschdeg un seng Dieren zouloossen, genau esou wéi déi vum Sidec.
Just nach op Rendezvous dierf een op d'Gemeng Esch/Sauer goen. All déi wichteg Dokumenter kann ee via Telefon oder Mail ufroen an dës ginn, wa méiglech, per Post geschéckt. All d'Evenementer, déi an de Festsäll vun der Gemeng geplangt waren, ginn annuléiert.
De Schäfferot vun der Gemeng Bartreng deelt mat, dass d'Gemeng just nach op Rendez-vous op ass. Déi essentiell Servicer si weiderhin assuréiert. Bei Froen oder fir ee Rendez-vous ze fixéieren, kënnen d'Awunner sech per Telefon um 26 312 - 1 oder per E-Mail info@bertrange.lu un d'Gemeng wenden
D'Stauséigemeng huet da matgedeelt, datt all d'Gemengegebaier bis den 29. Mäerz zoubleiwen. D'Verwaltunge si fir de Public zou, et soll een d'Servicer per Telefon oder Mail kontaktéieren. De selwechten Opruff mécht d'Gemeng Wahl.
D'Gemeng Stroossen deelt da mat, datt d'Gemeng just nach fir Leit mat engem Rendezvous op ass. Déi essentiell Servicer wäerten awer weider lafen.
D'Gemeng Schieren an Tandel ruffen hir Awunner op, si via Telefon oder Mail ze kontaktéieren. Wichteg Servicer géifen awer weiderlafen.
D'Gemeng Fréiseng schreift, datt si mat enger Mindesbesetzung fueren an d'Gemeng wuel bis den 29. Mäerz zou ass. D'Leit solle sech per Telefon oder per Mail mellen, wa si eppes brauchen oder wësse wëllen. Wichteg Dokumenter géif een, esouwäit dat méiglech ass, per Post schécken.
D'Büroe vun der Gemeng Veianen bleiwe bis op Weideres zou. Iwwer d'Telefon sinn d'Servicer vun der Gemeng weider disponibel. Alleguer d'Manifestatiounen, d'Reuniounen an d'Aktivitéite sinn ofgesot.
An derGemeng Grousbousbleiwen d'Büroe fir de Public zou an och Fester, Versammlungen an Aktivitéiten an de Strukture vun der Gemeng gi verbueden. D'Administartioun an de Service Technique ka weider iwwer Telefon kontaktéiert ginn.
D'GemengPréizerdauldeelt dann och mat, dass d'Büroe vun der Gemeng fir de Public bis op Weideres zou bleiwen. Di gaunz Zäit bleiwen d‘Servicer vun der Gemeng awer disponibel a kenne per Telefon oder mail erreecht ginn:
D'Gemeng Buerschent deelt mat, datt déi administrativ Büroen an och déi vum Service technique vum 16. Mäerz bis de 27. Mäerz fir de Public zoubleiwen. Just bei Rendez-vouse ginn Ausname gemaach. D'Servicer sinn iwwer Telefon weiderhin ze erreechen. Certificate respektiv Dokumenter gi per Post geschéckt.
Wéinst engem Corona-Fall beim Personal vun der Gemeng Schengen bleiwen d'Büroen zou. An urgente Fäll am Kontext vum Etat civil kënnen d'Leit sech ënnert der Telefonsnummer 23 66 40 28 uruffen. Och d'Gemengen zu Mäertert-Waasserbëlleg an Helperknapp bleiwen zou.
Am Kader vun der aktueller Situatioun vun der Pandemie mam Coronavirus COVID-19, huet de Schäfferot vun der Gemeng Schëtter decidéiert all Manifestatiounen, Versammlungen, Coursen, sportlech an kulturell Aktivitéiten, déi vun der Gemeng organiséiert oder an eisen Gebailechkeeten ofgehale ginn, vun elo bis inklusiv den 19. Abrëll 2020 ze annuléieren.
Zu Péiteng gouf de Gemengerot, deen de 24. Mäerz sollt beinee kommen, ofgesot.
Och vum Parquet heescht et an engem Schreiwes, datt verschidde Servicer wéinst dem Coronavirus just beschränkt oder guer net funktionéieren. Esou kann een zum Beispill vum 16. Mäerz un de Casier judiciaire net méi perséinlech an de Guichet siche goen, mä et muss ee se via myGuichet oder via Mail op casier.judiciaire@justice.etat.lu bestellen.
Op den dräi Sitte vun der Justiz (Stad, Esch an Dikrech) ginn déi ëffentlech Audienzen op e Minimum reduzéiert an et gëtt probéiert, fir de Flux vun de Leit esou gutt wéi méiglech ze limitéieren, sou de Service communication et presse vun der Justiz e Freideg an engem Schreiwes.
Och d'Steierverwaltungréit de Leit of, fir laanscht ze kommen. Et wier kee "Passage physique" néideg, fir vun de Servicer ze profitéieren.
Beim SNCT gi just nach Autoen acceptéiert, deenen hir Pabeieren an den nächsten 2 Wochen oflafen.
Vum Ombudsman heescht et dann, datt hir Büroe bis op Weideres zoubleiwen. Tëscht 8 an 12 Auer kann ee si awer all Dag via Telefon um 26 27 01 01 uruffen. Och eng Mail un nfo@ombudsman.lu oder ombudsman@ombudsman.lu ass méiglech.
Limitéieren Accès beim Guichet unique des Aides au Logement. Bis de 27. Mäerz ass dëse fir de Public zou an nëmmen iwwer Email oder Tëlefon ze ereeschen, sou de Logementministère an engem Schreiwes.
Vun der Zukunftskeess ass et an engem Schreiwes d'Informatioun, datt d'Servicer weiderhi ganz normal funktionéiert an datt d'Friste vun de Payementer agehale ginn. D'Schreiwes vun der Zukunftskeess op Franséisch.
D'Generalversammlung vun Natur&Ëmwelt Sektioun Réiden vum 20. Mäerz zu Groussbus ass op e spéideren Datum verluecht.
D’Porte Ouverte vun der Uni Lëtzebuerg ass annuléiert ginn. Déi sollt den 21. Mäerz sinn. D’Uni präziséiert, dass bis well nach kee Fall vum Virus bei de Studenten oder dem Léierpersonal festgestallt gi wier. Och de Lycée Ermesinde annuléiert hir Porte Ouverte, déi fir den 28. Mäerz virgesi war.
Dem Lycée Privé Emile Metz seng Porte Ouverte ass och reportéiert.
D'Gemeng Ierpeldeng empfänkt a senge Gebailechkeete just nach Persounen, déi e Rendez-Vous iwwert Telefon geholl hunn. Och Gemeng Ell mécht seng Dieren zou an ass just nach iwwert Internet an Telefon z'erreechen.
D'Gebailechkeete vun der Ärenzdallgemeng si just nach fir de Public accessibel, wann een am Virfeld e Rendez-vous ausgemaach huet.
D'Gemeng Ettelbréck huet seng Diere fir de Public op, ma et gëtt mat längere Waardezäite gerechent, dat well manner Büroe besat sinn. De Guichet "Recettes communales" ass komplett zou. Och hei nees den Appell dass de Gros iwwert den Internetsite ka gemaach ginn. Och den Etat Civil ass betraff, dësen ass nach just an der Woch tëscht 8 an 11.30 Auer an 13.30 a 16.30 Auer op, dat awer just fir eng Gebuert oder Doudesfall ze mellen.
D'Gemeng Beetebuerg annuléiert alleguerten d'Manifestatiounen an der Gemeng bis den 29. Mäerz. De Biergerzenter ass fir de Public verbueden, d'Gemeng selwer just nach reduzéiert accessibel.
Och d'Gemeng Keel réit de Leit, sech als éischt iwwer Mail oder Telefon bei der Gemeng ze mellen a just an Ausnamen an de Biergerzenter ze goen. Genee sou och fir d'Gemeng Kiischpelt.
D'Gemeng vu Gréiwemaacher deelt um Sonndeg de Moie mat, dass d'Gemengeverwaltung bis op Weideres zou bleift. Fir administrativ an technesch Noutfäll ass eng Minimalpräsenz assuréiert. An dréngenden Noutfäll soll ee sech via Telefon mellenoder via Mail.
An der Gemeng Stengefort si bis den 2. Abrëll alleguer d'Evenementer an och d'Coursen ofgesot.
An de Stater Theateren ass de komplette Programm bis den 28. Mäerz inclus annuléiert.
Caramba huet decidéiert, fir d' Kinoen CineKuesaal (Rëmeleng) a Cine Waasserhaus (Munneref) bis den 31. mäerz zouzemaachen.
De Centre de Logopédie seet d'Porte ouverte vum 28.3.2020 of.
De Luxembourg City Tourist Office mécht vun e Samschdeg un bis onbestëmmten Zäit seng Dieren zou.
D'Danzschoul zu Wellesteen ass vun elo bis den 30. Mäerz komplett zou.
D'Gebailechkeete vun der ULC sinn dann och vun elo un fir de Public zou, dat bis de 27. Mäerz. Wéi gewinnt ass de Konsumenteschutz awer iwwer Telefon z'erreechen.
Seniorenamicale Mameranus deelt mat, datt bis op Weideres all Portes-ouvertes an d'Journées des anciens ofgesot sinn.
Bis op Weideres bleift d'Coque och komplett fir de Public zou.
Den Domaine Thermal zu Munneref deelt mat, dass den Departement "SANTE" vun e Samschdeg 14. Mäerz un bis op Weideres zou ass. Wann ee Froen huet, soll ee ech um Telefon 23 666 666 mellen, oder via Mail um domaine@mondorf.lu.
Den AquaNat’Our (Piscine, Fitness a Sauna) zu Housen, bleift vum 16. März-29. März 2020 zou.
Den MNHA an de Musée Dräi Eechelen bleiwen zou fir de Public, alleguerten d'Manifestatioune wéi Vernissagen, Atelieren, guidéiert Visitten a Konferenze goufen annuléiert.
Vun e Méindeg un si jo zwou Woche laang all d'Schoulen, Crèchen a Maison Relaisen zou. Den Enseignement musical an all d’Séances sportives vun der LASEP falen och aus.
Alleguerten déi ëffentlech Versammlungen am Kader vun der Presentatioun vum neien RGTR-Busreseau fir de Mount Mäerz sinn ofgesot. Weider Informatioune kritt een um Internetsite vum RGTR.
D'Informatiounsversammlungen vum OGBL iwwert d'Fiskalitéit zu Lëtzebuerg fir déi franséisch Frontaliere sinn ofgesot.
D'UGDA Museksschoul seet all seng Musekscoursen an Examen of, wei och all aner Aktivitéiten, Auditiounen, Diplomiwwerreechungen, Stagen a Kolonien, dëst vun e Samschden, 14. Mäerz bis virleefeg den 29. Mäerz. D'Museksschoul aus dem Kanton Klierf ass vun e Freideg un zou.
Wéi den Äerzbëschof matdeelt, goufen alleguerten déi ëffentlech Massen am Land ofgesot, dat bis den 3. Abrëll inclus, dat vun e Samschdeg un. Hochzäiten a Kanddaf solle reportéiert ginn, d'Begriefnesser ginn am enke Familljekrees ofgehalen. Och all d'Katechete-Aktivitéite gi bis op Weideres ausgesat. D'Diere vun de Kierchen an de Kapellen bleiwen awer op.
Och d'Nationalbibliothéik mécht seng Guicheten zou, och wann d'Gebai selwer fir bis zu maximal 100 Persounen opbleift. Natierlech si guidéiert Visitten awer annuléiert, dat bis Enn Mäerz elo emol.
D'US-Ambassade zu Lëtzebuerg huet op, schafft allerdéngs mat manner Personal a setzt méi op den Télétravail.
Visitten am Centre pénitentiaire de Luxembourg (CPL) sinn op e Maximum vu 25 Stéck pro Woch limitéiert ginn an och nëmmen ënnert extrem strikten hygienesche Mesuren.
D’Krankekeess vun de Gemengebeamten informéiert, datt hir Guicheten op Grond vum Coronavirus fir de Public bis op Weideres zou bleiwen. D'Rechnunge sollen an d'Boîte virun der Dier geheit ginn. Fir zousätzlech Informatioune soll ee sech iwwer Telefon (450515) oder per E-Mail (cmfec@secu.lu) mellen.
D'Gemeng Rouspert a Mompech schaffen nëmmen nach mat reduzéiertem Personal. Visitten an der Gemeng selwer sollen op e strikte Minimum reduzéiert ginn. Dofir soll ee sech hei iwwert d'Post, Email oder Telefon mellen.
D'Gemeng Lenneng mécht bis op Weideres seng Dieren zou, et soll een sech iwwert de Wee vun der Post, Telefon oder Email un d'Gemeng wenden.
D'Gemeng Mamer seet alleguerten seng Aktivitéiten an Eventer of, dat vun e Freideg un.
D'Gemeng Déifferdeng seet alleguerten seng Aktivitéiten an Eventer of, dat vun e Freideg un. Hochzäiten a Begriefnisser gi just nach ënnert limitéierte Konditiounen duerchgefouert.
D'Réidener Schwämm mécht op Grond vum Vermehrungsrisiko vum COVID-19 seng Diere vum 13. Mäerz 2020 bis den 29. Mäerz zou.
D'Ligue médico-sociale deelt mat, dass hier Zentere vum 16. Mäerz un just nach Persoune mat engem Rendez-Vous an Empfang huelen. D'Zentere selwer sinn iwwert Telefon z'erreechen.
De Site Neimënster an der Stad ass zwar fir de Public op, ma alleguerten d'Ausstellungen an den Accueil sinn zou an all Evenementer sinn annuléiert. Och d'Brasserie Wenzel ass bis op Weideres zou.
De Centre de Formation pour Conducteurs deelt mat, datt déi geplangte Coursen tëscht dem 16. an dem 27. Mäerz zu Colmer-Bierg an zu Suessem ofgesot sinn. Déi betraffe Leit ginn esou séier wéi méiglech informéiert an et ginn Ersatz-Rendez-vousen ugebueden.
D'Chambre des Salariés mellt, dass alleguerten d'Coursen, Seminären, Formatiounen a Seancë vum Luxembourg Lifelong Learning Center tëscht dem 16. an 28. Mäerz ofgesot goufen. Nei Datumer solle sou séier wéi méiglech matgedeelt ginn.
D'Büroe vum Fonds du Logement wäerten tëscht dem 16. a 27. Mäerz sou bleiwen. Iwwer Telefon, Email oder Post kann een d'Servicer natierlech awer nach ëmmer erreechen.
De Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER) brécht alleguerte seng Enquêten of, dat op eng onbestëmmten Dauer.
Den Office social vun der Stad Lëtzebuerg mécht och seng Dieren zou, ass awer weiderhi fir Noutfäll iwwer Telefon z'erreechen. D'Ausliwwere vum Repas-sur-roues gëtt awer garantéiert.
Da goufen och d'Informatiounsversammlungen "Wandpark Nordenergie" den 18. Mäerz zu Bierden, den 23. Mäerz zu Ettelbréck ofgesot, sou wéi d'Portes ouvertes zu an der Gemeng zu Rouspert-Mompech.
D'Servicer vun der ASTI wäerte bis elo mol wéi gewinnt garantéiert bleiwen. Wat annuléiert gouf sinn d'Sproochecoursen, Connections4Work, d'Gespréichsronnen an den Ecrivain public. D'SEA Kannernascht, sou wéi d'Jugendhaus AMIGO bleiwen zou. De Guichet Info-migrants funktionéiert just nach iwwert Telefon.
Och de BPVL, de Bureau des Passeports, Visas et Légalisations funktionéiert bis den 29. Mäerz nëmmen nach zu fixéierten Zäiten a limitéiere Büroen. Dës wäerte just nach vun 8.30-12.00 op sinn. Et soll een nëmmen dohinner goen, wann et sech ëm e Noutfall handelt. Telefonesch ass de BPVL vun 13-16 Auer z'erreechen.
D'ADEM deelt mat, dass si weider hir Service ubidden, dat allerdéngs ausschliisslech telefonesch. Leit déi schonn e Rendez-Vous op der ADEM hunn, kréie wärend der fixéierter Auerzäit ugeruff. Leit déi kee Rendez-Vous hunn, solle sech per Telefon op senger Agence mellen.
D'Gemeng Iechternach deelt da mat, datt d'Schwämm, d'Sportshal an de Late Night Bus bis op d'mannst den 29. Mäerz net a Betrib wäerte sinn.
Och de Justizapparat zu Lëtzebuerg funktionéiert just nach limitéiert, hei de komplette Communiqué: