
Den Dr. Emile Bock schléit op Facebook zesumme mam Anästhesist Dr. Cyril Thix Alarm. Wat op d’Spideeler géif duerkommen, kéint kee sech virstellen. Mä d’Analysen an d’Informatiounen aus Klinicken net wäit ewech, wären dramatesch. Derbäi géif kommen, datt Material a Mëttel limitéiert sinn.
Fir datt d’Spideeler kënnen all Patient behandelen, deen Hëllef brauch, muss sech un d’Mesure gehale ginn, déi d’Regierung decidéiert huet. Dat heescht: sozial Kontakter vermeiden, zwee Meter Ofstand halen a carrément doheem bleiwen.
De Coordinateur vum Samu zu Ettelbréck, den Dr. Tom Manderscheid, schléisst sech deem Appell un. Fir ganz vill Leit – ronn 80% - mécht de Virus keng Problemer, präziséiert hien. Mä et hätt ee vum Ausland geléiert. D’Intensivmedeziner wéilten net an d’Situatioun kommen, wou een net méi all Patient kéint eng Chance ginn. Wann ze vill Patiente beienee kommen, geet et net méi duer. Wat iwwert déi intensivmedezinesch logistesch Capacitéiten eraus geet, stierft, seet de Medezinner kloer op Facebook.
Och vum Dr. Romain Nati, Generaldirekter vum CHL, gëtt et en dréngenden Appell op Twitter et wier een am Krich an d’Leit sollten hëllefen, andeems se doheem bleiwen.
