GasgrillWat sinn d'Geforen? Wourop muss een oppassen?

Philippe Dondelinger
D'Auswierkungen an d'Biller vun enger Explosioun vun engem Gasgrill schwätze fir sech. Fir Angscht ze kréie wier awer iwwerdriwwen, seet e Beruffspompjee.
Gasgrill: Wat sinn d'Geforen? Wourop muss een oppassen?
D'Auswierkungen an d'Biller vun enger Explosioun vun engem Gasgrill schwätze fir sech. Fir Angscht ze kréie wier awer iwwerdriwwen, seet e Beruffspompjee.

Wie säi Grill richteg manipuléiert, leeft keng Gefor, sou den Alain Klein vum CGDIS, ob Butan- oder Propan-Gas. Wie seng Gebrauchsuweisung vum Grill net gelies huet, huet spéitstens deen éischte Problem mat der Gasfläsch, net all Fläsch passt an de Grill a muss da konform ubruecht ginn.

Wann een dëst net respektéiert, leeft een natierlech Gefor, dass eppes schif geet. Steet d'Fläsch ze no beim Grill ass d'Gefor do, dass et zur Explosioun kënnt. Och d'Grill-Industrie huet an deene lëschte Joren a punkto Sécherheet evoluéiert, vill Mesurë goufe getraff, fir de Pleséier um Barbecue méi sécher ze maachen.

Fir ons d'Auswierkunge vun enger Gasfläsch-Explosioun méi bewosst ze maachen, weisen d’Pompjeeën ons eng kontrolléiert Explosioun vun engem hallef vollen Deo. No 15 Sekonnen hëtzen, explodéiert dëse schonn, ma wéi et mat enger Gasgrill-Fläsch ass, wëllt een dono net méi wëssen.

Fir dëser an aneren Explosiounsgefore ganz aus dem Wee ze goen, ginn et e puer Saachen op déi een oppasse muss: d’Uschléisse vum Gas, respektiv den Zoustand vum Grill.

E reegelméissegt Botze vum Grill verhënnert, dass d'Fett zum Zündstoff gëtt, dozou gehéieren och d’Marinaden, déi Fett-Spueren hannerloossen, ouni d'CE-Zeechen ze vergiessen, wat herno och verséchert, dass eng Assurance dofir opkënnt.

Wien also mat gesondem Mënscheverstand mat engem Grill hantéiert, leeft u sech keng Geforen. Nom Uschloss un d'Fläsch, de Gas bei oppenem Grill opdréinen an zünden.

Back to Top
CIM LOGO