
No wéi enge Krittäre soll de Fonds souverain intergénérationel, de sougenannten Zukunftsfong, investéieren? An der Vergaangenheet gouf et staark Kritik vun déi Lénk, well de Staat iwwert dee Wee a Firmen investéiert huet, déi sech net u mënscherechtlech oder ekologesch Standarden halen. Op Demande vun der Oppositiounspartei goufen et e Freiden Explikatiounen an der Chamber-Finanz- a Budgetskommissioun vum Finanzminister.
An do hätt de Pierre Gramegna engersäits erkläert, datt d'Regierung sech an Zukunft nach méi ethesch Krittäre fir d'Investissementspolitk wéilt ginn, datt awer och schonn Efforte gemaach goufen, sou den DP-President vun der Finanz- a Budgetskommissioun André Bauler: "De Minister huet eis och gesot, dass bei den Aktien 100% vun deenen Aktien, déi am Fong sinn, de Krittären entspriechen, déi och beim Fond de compensation ugewannt ginn. Also et si keng Firmen dobäi, déi op enger Exklusiounslëscht wieren. A bei den Obligatioune sinn et 99%. Dat heescht, et ass esou, dass 0,6% vum Zukunftsfong stinn op Exklusiounslëschten."
Dat hätt hie positiv iwwerrascht, esou den André Bauler. Den déi Lénk-Deputéierten David Wagner huet begréisst, datt bei engem Deel vun den Investissementer mëttlerweil sozial Krittäre géife respektéiert ginn...:"Par conter, um Niveau vun der Ëmwelt a sou weider, do ass nach näischt geschitt, well do kann ee jo och nach kucken, do gëtt weiderhin investéiert an Entreprisen, déi och fossil Energien hunn."
Ma och an deem Beräich hätt de Pierre Gramegna Verbesserungen an Aussiicht gestallt. An Zesummenaarbecht mam Sozialminister Romain Schneider a mat der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg solle Krittären ausgeschafft ginn: "Wat u sech eng Neierung soll sinn, dass d'Ëmweltministesch och do mat agebonne gëtt, fir an der Strategie vun der Luxembourg sustainable finance mat anzebannen a fir duerno d'Strategie vum Zukunftsfong dorop auszeriichten. An dat soll dann am Laf vum nächste Joer stattfannen."
Déi Lénk wënsche sech eng méi aktiv Gestioun vum Zukunftsfong, sou wéi beim Pensiounsfong - dat hätt awer och en anere Käschtepunkt. Fir d'Regierung géif dat sech awer bei der aktueller Gréisst vum Zukunftsfong, an deem 385 Milliounen Euro sinn, par Rapport zu 22 Milliarden Euro am Pensiounsfong, net lounen.
D'CSV huet iwwerdeems wärend der Kommissioun proposéiert, datt den Zukunftsfong och kéint an Immobilien investéieren - den Deputéierte Gilles Roth: "Zum Beispill a Lëtzebuerger Wunnengen, iwwert d'SNHBM. Zum Beispill iwwert eng Augmentatioun vum Kapital vun där Gesellschaft, oder dass de Fong och sollt d'Méiglechkeet kréien, fir an Terrainen z'investéieren, an et kéint ee sech do zum Beispill virstellen, fir dass een e Virkafsrecht, wat fir verschidden ëffentlech Acteuren existéiert, dass dat och kéint fir de Generatiounsfong zielen."
De Finanzminister hätt déi Propositioun als konstruktiv a pertinent opgeholl, sou de CSV-Deputéierte Gilles Roth.
En Donneschde gëtt op Ufro vun déi Lénk an der Chamber iwwert d'Investissementspolitik vum Zukunftsfong an och vum Pensiounsfong debattéiert.