HomeofficeWéi ass et mat der Versécherung, wann een am Teletravail ass?

RTL Lëtzebuerg
Et ass net ëmmer sou einfach. Zum Beispill fält beim Teletravail de Wee op d'Aarbecht ewech. Deen hutt Dir jo net méi, wann Dir Doheem an der Stuff bleift.
© AFP

Mä wat ass dann elo, wann ech vun der Kichen an d'Stuff, do wou mäi Laptop vun der Aarbecht steet an dat domadder mäin Aarbechtsplaz ass, falen. Et ass ee verséchert, wann een en Accident op der Aarbecht a wärend der Aarbecht huet, sou de Guillaume Schimberg vun der Association d'Assurance Accident.

Et ass net ëmmer sou einfach. Zum Beispill fält beim Télétravail de Wee op d'Aarbecht ewech. Deen hutt Dir jo net méi, wann Dir Doheem an der Stuff bleift.

Am Prinzip wier et esou wéi op der Aarbecht, allerdéngs misst eng Konditioun erfëllt sinn.

An zwar kënnt aus enger Konventioun tëscht de Gewerkschaften an dem Staat eraus, dass am Kontrakt awer schrëftlech misst stoen, dass een Teletravail dierft maachen an am Prinzip och, wéi eng Deeg dësen erlaabt wier.

Duerch d'Pandemie géing dat den Ament aneschters behandelt ginn, well ob eemol vun haut ob muer, ganz vill Leit am Teletravail hu misse schaffen. Dat wier pragmatesch elo sou ëmgesat ginn, ma et wier awer vu Virdeel, wann all Employeur seng Kontrakter elo géing iwwerschaffen.

Eppes wat nach dacks géing gefrot ginn, ass, ob ech dann och effektiv muss physesch Doheem sinn, wann ech vun Doheem aus schaffen oder ob ech dat och vu mengem Partner Doheem aus ka maachen oder vläicht och aus der Vakanz an Italien. Do gëllt dat selwecht, wéi soss och, wann et ëm de Wee op d'Aarbecht geet.

Et misst engem säin Doheem sinn oder seng Residence Secondaire. Wann et elo eng Adress wier, wou een net ugemellt wier, da misst een och beweisen, wisou een do reegelméisseg ass.

Et wier dofir ëmmer gutt, säi Kontrakt mam Employeur eemol duerchzekucken an och nozefroen, wann ee sech onsécher ass.

Back to Top
CIM LOGO