Deputéiert weise sech zouversiichtlechWéi geet Lëtzebuerg mat méiglechen Drone-Menacen ëm?

Monica Camposeo
Jeannot Ries
No enger Sëtzung vun der zoustänneger Chamberkommissioun weise sech déi meeschten Deputéiert zouversiichtlech, dass Lëtzebuerg allgemeng gutt opgestallt ass, fir op méiglech Menacen duerch Dronen ze reagéieren.

Wéi geet Lëtzebuerg mat méiglechen Drone-Menacen ëm? / Rep. Monica Camposeo

D’Regierung schafft un engem Aktiounsplang, fir legal an organisatoresch Aspekter vu méiglechen Dronenugrëffer op kritesch Infrastrukturen ze klären. Dat war e Méindeg no der zoustänneger Chamberkommissioun gewuer ze ginn – vill Detailer gouf et awer net. D’Sëtzung war am Huis Clos a vu Säite vun der Regierung gouf et no der Kommissioun och keng Stellungnahm.

Et ass awer e Sujet, deen am Ausland jo scho méi laang diskutéiert gëtt, besonnesch well am Hierscht Dronen iwwer verschiddene Fluchhäfen detektéiert goufen an de Fluchverkéier doropshi komplett huet missen ënnerbrach ginn.

Den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten schwätzt vun enger “hëllefräicher” Sëtzung, fir sech am Eeschtfall kënnen ze wieren. Eng Fro ass zum Beispill, wéi en Equipement néideg ass, fir sech géint eventuell Menacen duerch Dronen ze wieren.

D’Responsabilitéit fir zu Lëtzebuerg ze intervenéieren, wann eng Dron an der Géigend vun enger kritescher Infrastruktur optaucht, huet eng Spezialunitéit vun der Police. Wat d’Material an d’Fro ugeet, ob Lëtzebuerg gutt opgestallt wier, huet sech den Yves Cruchten bedeckt gehalen. Et kéint een allgemeng ni gutt genuch preparéiert sinn, vu dass sech d’Technologie besonnesch an dësem Beräich stänneg weiderentwéckelt.

Am Premier senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierten Tom Weidig ass eraus ze liesen, dass d’lescht Joer eng 40 suspekt Mouvementer detektéiert goufen. Aus Sécherheetsgrënn ginn et awer och hei wéineg Detailer: “D’Police an d’Arméi verfügen iwwer Neutralisatiounsmoyenen, fir Dronen ze neutraliséieren. Aus Confidentialitéitsgrënn kënne keng Detailer genannt ginn, ëm wéi eng Systemer et sech genau handelt.”

De Meris Sehovic (déi gréng) huet präziséiert, dass hien aus der Sëtzung zeréckbehält, dass et kee Grond fir Panik gëtt: “Mir si virbereet, mir hu schonn eng Rei vun Dispositiounen, déi scho gräifen.”

D’Diskussiounen hätten awer och gewisen, dass nach Aarbecht bleift a gesetzlech Ännerunge musse kommen, zum Beispill wat d’Fro vun der Neutralisatioun vun den Dronen ugeet. De gréngen Deputéierten huet dann och ervir gestrach, dass d’Droneproduktioun hei am Land och muss ënnert d’Lupp geholl ginn. Et soll sécher gestallt ginn, dass Dronen, déi hei produzéiert ginn, net bemol an déi falsch Hänn geroden. Et sollt een d’Menace duerch Dronenugrëffer och net separat kucken, mee vill méi ganz allgemeng Cyberattacke consideréieren an d’Infrastrukturen och deementspriechend opstellen.

Och de Piratendeputéierte Marc Goergen huet sech zouversiichtlech gewisen, dass sech Lëtzebuerg gutt opstellt. Hien huet d’Fro opgeworf, ob verschidden Equipementer net och kéinten iwwert den Defensebudget lafen an net just iwwert de Policebudget. D’Pirate wéilten éischter op de Wee goen, fir Material ze kafen, dat souwuel hei am Land ka genotzt ginn, wéi awer och am Ausland,zum Beispill vun der NATO.

Den Aktiounsplang vun der Regierung soll deemnächst finaliséiert ginn. Doropshi wäert en dann och an der zoustänneger Chamberkommissioun virgestallt ginn.

Back to Top
CIM LOGO