No Verschäerfung vu MesurenWéi gesäit de Schaffdag a Restauranten, Geschäfter an am Gesondheetswiesen aus?

Christophe Hochard
Zanter e Méindeg bleiwen d'Caféen a Restauranten am ganze Land zou. Eng weider Mesure, fir d'Verbreedung vum Virus ze miniméieren.

Schwiereg Zäit fir den Horesca-Secteur / Rep. Eric Ewald

Eng Nouvelle, déi d'Leit aus dem Horesca-Secteur awer natierlech och déif getraff huet. Déi eng hunn decidéiert, hir Diere ganz zouzemaachen, anerer dogéint ginn e Stéck kreativ. Mir waren e Méinden an zwee Lëtzebuerger Betriber de Bols fillen.

Nei Reegelen: Restaurateure musse kreativ ginn
Zanter e Méindeg bleiwen d'Caféen a Restauranten am ganze Land zou. Eng weider Mesure, fir d'Verbreedung vum Virus ze miniméieren.

Schwéier Zäite fir d'Geschäftswelt

Schwéier Zäite fir d'Geschäftswelt
D'Versuergung vu Liewensmëttel, do huet de Premier jo nach emol rassuréiert, dass alles genuch nokéim, bei eenzelen Artikele schéngt et awer Problemer ze ginn.

D'Versuergung vu Liewensmëttel, do huet de Premier jo e Sonndeg nach emol rassuréiert, dass alles genuch nokéim, bei eenzelen Artikele schéngt et awer Problemer ze ginn. Do gëtt elo och eng Online-Plattform geschaaft, fir kënne Liewensmëttel ze bestellen. D'Geschäfter, ausser Liewensmëttel-Butteker, Apdikten, Optiker oder Zeitungsbutteker solle jo vun e Méindeg un zou hunn. Dat hat de Méindeg de Moie vläicht nach net jiddweree matkritt. Den Horesca- Secteur stellt natierlech vill op Liwwerungen ëm.
Et war en ongewéinlech rouege Méindeg. Déi meeschte Butteker waren zou. Grad esou wéi d’Showroome vun de Garagen. D’Service Après-ventes an d’Atelieren iwwerdeems dierfe weider schaffen.

Et gouf awer och Butteker, déi op waren, déi eigentlech net hätten dierfen op sinn.

Akafen an Zäite vum Coronavirus / Rep. Claude Zeimetz

"Mir hunn opgemaach, well vill Commandë gemaach waren, wou d’Leit nach sollte siche kommen. Wou een net weess, um wéi vill Auer se kommen an een deelweis keng Telefonsnummer huet. Dofir hunn ech d’Dier awer opgespaart, datt d’Clienten hir Saache kënnen ewechhuelen.", erkläert d'Nathalie Warnier, Patronne vun engem Blummebuttek, deen e Méindeg op war.

Ausserdeem missten d’Blummen a Planzen dagdeeglech genat ginn. A vu datt d’Service-funérairë weider funktionéieren, géifen och Gerben a Blummendekoratioune gebraucht ginn, esou d’Geschäftsfra.

D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert hat allerdéngs de Méindeg de Moien ugekënnegt, verstäerkte Kontrolle vun en Dënschdeg un ze maachen.

"Mir sinn eis bewosst, dass dat vläicht nach net iwwerall ukomm ass. Dat heescht, haut ass d‘Police ënnerwee, fir ze kontrolléieren, wéi et ausgesäit. Et gëtt awer réischt vu muer u verbaliséiert.", esou d'Gesondheetsministesch e Méindeg.

"Jo, da musse mer kucken, Liwwerservicer lafe jo den Ament. D'Bestelle fir e Begriefnes musse mer kucken, dass mer dat iwwer Telefon gereegelt kréien." esou nach d'Nathalie Warnier.

Et sinn haart Zäite fir déi meescht Geschäftsleit. D’Foodtrucken awer kéinten an den nächste Woche vill nei Clientë kréien.

"Well mir u sech als Foodtruck ëmmer Take-away hunn, mir hunn zwar zwee Dëscher dobäi, mee déi hu mer elo net. Dofir ass alles Take-away a mir bleiwen normal op a mir erwaarden eis souguer méi Undrang wéi soss." erzielt de Geschäftsmann Felix Clement.

Dat wär och gutt, well all déi Evenementer, fir déi si gebucht waren, ofgesot goufen. De Méindeg de Mëtteg géint 13 Auer war et zwar ganz roueg, ma virdrun wär nawell Passage gewiescht.

"Mir hate méi Clienten, déi vun ausserhalb komm sinn. Méi Leit, déi laanscht gefuer sinn. Warscheinlech hu se näischt fonnt fir z’iessen, du si se bei eis komm." esou de Pol Miller.

Parallel wiisst d’Konkurrenz vun de Liwwerdéngschter. Schonn an de leschten Deeg hate verschidde Patrone verstäerkt op Commanden ëmgestallt, well d’Clientèle am Restaurant gefeelt huet. Wat d’Commercen ugeet, ass et fir déi allermeescht net méiglech, hir Aktivitéit un déi nei Situatioun unzepassen.

Gesondheetswiesen

No verschäerfte Mesuren - De Schaffdag am Gesondheetswiesen
Zanter e Méindeg bleiwen d'Caféen a Restauranten am ganze Land zou. Eng weider Mesure, fir d'Verbreedung vum Virus ze miniméieren.

Déi meescht Dokteschpraxen an Zänndokteren hu Rendez-vousen, déi net dréngend sinn, verluecht a beroden och deels iwwer Telefon oder verschécke Rezepter. Aner Branchen, wei Kinéë musse sech och ëmorganiséieren. An Zäite vum Coronavirus ass och d'Aarbecht vun de Kinéen net méi esou einfach. Dobäi hu si Patienten, wou eng Behandlung net kann ënnerbrach ginn, wei zum Beispill Leit mat Otemprobleemer oder mat schwéiere Krankheeten, déi e reegelméissege Suivi vum Kiné brauchen.

Gouf e Patient positiv op den aktuelle Virus getest a brauch awer seng Soinen, muss den zoustännege Kiné ganz prezis virgoen.

Hei zu Lëtzebuerg schaffen eng 1200 Kinéen als Independant. Si erhoffe sech eng medezinesch a finanziell Ënnerstëtzung vum Staat.

Back to Top
CIM LOGO