
Vu moies bis owes gi mer iwwert d’Weltlag a méiglech Geforen informéiert. Eng Situatioun, déi och vill Leit bedréckt, déi net direkt vum Krich betraff sinn. An eiser Online-Ëmfro koum eraus, dass effektiv 60% vun de Leit, déi matgemaach hunn, sech all Dag vill Gedanken iwwert dës Situatioun maachen.

Fir trotz dëse Gedanken e klore Kapp ze behalen, ass et awer wichteg, dës Noriichte méi bewosst ze konsuméieren an d’Realitéit vun der Situatioun net aus den Aen ze verléieren. Dat seet den Diplompsycholog Marc Stein, mat deem mer driwwer geschwat hunn, wéi ee besser mat Ängschten a Suerge kann ëmgoen. De ganzen Interview fannt Dir hei: