Doriwwer geet et am neisten Episod vun eisem Podcast "Wellebriecher".
All Medikament, dat an der Europäescher Unioun zougelooss ass, ass duerch déi streng Kontroll vun der Ema gaangen.
D'Dr. Martine Trauffler vun der Santé representéiert Lëtzebuerg bei der europäescher Medikamentenagence.
An engem Comité ginn d'Dossiere genee analyséiert an da gëtt fir oder géint eng Zouloossung ofgestëmmt. Déi Prozedur ass elo och fir d'Corona-Vaccinen applizéiert ginn.
Beim AstraZeneca zum Beispill hätt et e bësse méi laang gedauert, wat géing weisen, dass sech ganz streng mam Dossier auserneegesat gouf. Ausserdeem huet sech d’Effikassitéit vum Vaccin mat den Donnéeën aus Groussbritannien nach no uewe verbessert. Dowéinst sinn d’Zuelen net ëmmer final ze verstoen, esou d’Dr. Trauffler.
Dat gëllt och, wann e Vaccin schonn zougelooss ass. Et muss nämlech ëmmer e Suivi gemaach ginn an d'Niewewierkungen, déi optriede gi vun der Ema iwwerwaacht. Dat gëllt natierlech fir all d'Medikamenter.
D’Firmaen sinn an der Obligatioun, méiglechst fir alles ze mellen an och Daten ze sammelen. Doropshin ginn d’Medikamenter och ëmmer nees evaluéiert an da kann et am schlëmmste Fall och sinn, dass e Medikament vum Marché geholl gëtt.
Am Podcast huet d'Dr. Trauffler och erkläert, wéi de Vaccin géint de Covid19 esou séier konnt fonnt ginn.
D’Pharmakonzerner, déi elo en mRNA-Vaccin entwéckelt hunn, haten schonn aner esou Impfstoffer an de klineschen Studien. Soubal een den Genom vum Virus huet, kann een dee ganz séier änneren an upassen.)
D'Dr. Trauffler réit dann och, sech fir all Medikament ëmmer fir d'éischt de "Bäipakziedel" duerchzeliesen. Déi vun deene verschiddenen Corona-Impfstoffer fënnt een an digitaler Form och online.
Dee ganze Podcast "Wellebriecher" kënnt Dir wéi gewinnt op eisem Internetsite nolauschteren.
