Place d'ArmesWeideren Iwwerfall op e Kiosk an der Stad

RTL Lëtzebuerg
Déi Kéier waren Onéierlecher op der Place d'Armes an der Stad ënnerwee an hunn Zigaretten an Alkohol matgoe gelooss.

En Donneschdeg an der Mëttesstonn géint 1 Auer hunn zwee Onbekannter en Zeitungsbuttek op der Place d'Armes an der Stad iwwerfall. Déi Onéierlech hunn Zigaretten an Alkohol matgoe gelooss a sech zu Fouss a Richtung Chimay- respektiv Louvigny-Strooss duerch d'Bascht gemaach.

Täterbeschreiwung:

Béid Männer ware vun heller Hautfaarf. Deen ee war vu klenger Statur (1,60m) an hat e groe Foulard (Buff) un; deen aneren (1,80m) hat e schwaarze Sweatshirt mat Kaputz an ebenfalls e groe Foulard un.

D'Stater Police ermëttelt.

Iwwerfall och well en Donneschdeg de Moien

Wéi d'Police gemellt huet, war en Täter well en Donneschdeg de Moie vermummt an e Kiosk op der Stroossbuerger Strooss erakomm. Duerch verbal Menacen ass et him gelongen, eng gewësse Quantitéit un Zigaretten ze klauen, déi hien an eng grouss Poubelle gepaakt huet.

De Brigang ass duerno ze Fouss an Direktioun Route d'Esch geflücht.

Täterbeschreiwung:

Den Täter ass grouss an hat eng beige Jackette mat enger Jeansbox un.

D'Stater Police ermëttelt.

© Domingos Oliveira / RTL

Back to Top
CIM LOGO