Associatioun vun den Dokteren an ZänndokterenWeiderhi Skepsis vis-à-vis dem Ausbau vun ambulanter Gesondheetsversuergung

RTL Lëtzebuerg
D'Konzept vum Ministère ass fir déi liberal Dokterschaft ze spidolszentréiert an ze staatlech... En Donneschdeg gouf den Avis zum Projet erausginn.
© RTL Archiv

D’Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren AMMD bleift bei hirer kritescher Haltung par Rapport zu der Regierung hire Pläng fir déi ambulant Gesondheetsversuergung baussent dem Spidol auszebauen.

Dem Gesondheetsministère schwiewen eng limitéiert Zuel vu medezineschen Zentere fir spezifesch Traitementer a Krankheete fir déi un e Spidolsgrupp ugegliddert solle ginn. Dat wat zanter Mee um Dësch läit geet, an den An vun der AMMD, awer bäi wäitem net duer fir op d’Defie vum Gesondheetssystem ze reagéieren, notamment den ëmmer méi grousse Manktem un Dokteren.

D’AMMD huet en Donneschdeg hiren Avis zum Gesetzprojet publizéiert. D’Doktere géifen nefaste Restriktiounen operluecht kréien. D’Konzept vum Ministère ass fir déi liberal Dokterschaft ze spidolszentréiert an ze staatlech a géif op “archaesche Reflexer” baséieren. D’Besoine vun de Patienten an de spezialiséierten Doktere géifen ignoréiert.

D’AMMD bedauert an hirer schrëftlecher Stellungnam och nach emol, datt de Gesondheetsdësch just eng Alibi-Manifestatioun gewiescht wier. Mat den Acteure vum Terrain wier net wierklech geschwat ginn.

Back to Top
CIM LOGO