Nationale WiederdéngschtWéinst héijen Temperaturen: Alerte Rouge e Samschdeg

RTL Lëtzebuerg
Schonn um Freideg war et d'Warnung virun héijen Ozon-Wäerter. Um Samschdeg klammen d'Temperaturen esouguer iwwer 35 Grad.
Héich Temperaturen zu Lëtzebuerg
Iwwert de Weekend gëtt et zu Lëtzebuerg nawell waarm.

Um Samschdeg gëtt et e ganz waarmen Dag. Den nationale Wiederdéngscht Metetolux huet en “Avis de grande chaleur” an ee fir eng “chaleur extrême” erausginn. D’Land ass quasi an zwee gedeelt.

Alles wat ongeféier ënner Iechternach läit, huet eng rout Warnung, fir de Rescht gëllt eng orange Alerte.

D’Alerte gëllt vun de Mëtteg 12 bis den Owend 22 Auer. Maximal 35 bis 37 Grad si fir den ënneschten Deel vum Land méiglech.

Fir den Norde sinn 33 bis 35 Grad gemellt.

Mat méi héijen Ozonwäerter - iwwer 180 Mikrogramm pro Kubikmeter - ass och ze rechnen. Och hei gëllt eng Alerte orange. Um Site emwelt.lu kann een déi aktuell Ozonwäerter, grad ewéi d’Héchstwäerter nokucken.

Ozon kann d’Otemweeër reizen, provozéiert Houscht, Kappwéi oder et kritt ee méi schwéier Loft. Bei de Wäerter, déi e Samschdeg erwaart ginn, gëtt och recommandéiert den Auto stoen ze loossen an op den ëffentlechen Transport ëmzeklammen. Wéi ee mam ëffentlechen Transport a mat de gratis Navetten am beschten op de Stauséi kënnt, gitt Dir hei gewuer.

Den Ozon-Wäert ass Owes ass héchsten an dofir ass et d‘Recommandatioun fir net tëscht 16 Auer an 22 Auer joggen ze goen. Dat wär d‘nämmlecht wéi een Pak Zigaretten ze fëmmen, sou den Wiederexpert Jörg Kachelmann.

Eeler Leit oder Persoune mat gesondheetleche Problemer sollte sech dann net ze vill dobaussen ophalen, a kierperlech Aktivitéiten an der praller Sonn evitéieren. Et soll ee vill drénken. Awer opgepasst, net ze kal, well do den Organismus ëmschalt fir Hëtzt un de Kierper no ze schécken wat nees un d’kierperlech Reserve geet.

D’Regierung mécht iwwerdeems den Appell, d’Drénkwaasser net ze verbëtzen. Et soll ee keng Schwämme fëllen, den Auto net wäschen, et soll een och drop verzichten, dobausse mam Schlauch ze botzen oder nach de Wuess ze nätzen, an esou weider.

© www.meteolux.lu

Wien an der Stad ënnerwee ass a seng Sonnecrème vergiess huet, dee ka sech iwweregens elo op véier Sonnecrème-Statiounen zerwéieren. Statioune goufe vun der Fondation Cancer Luxembourg opgeriicht a Stinn op der Kinnekswiss, am Skatepark an der Péitruss, am Märeler Park an am Park um Kierchbierg.

Wat hëlleft géint d’Hëtzt?

Et soll een eppes Kales iessen, vill Uebst a Geméis an och schaarf. Domadder schweesst een an dat ass een natierleche Mechanismus, fir de Kierper of ze killen. D’Wunnenge solle gelëft ginn, d’Rolllueden esouwäit wéi méiglech erofgelooss ginn. E Ventilator ass och keng schlecht Initiativ, och wann deen d’Loft nëmmen ëmverdeelt. All elektresch Apparater, déi een net brauch, sollen ofgeschalt ginn.

© Santé

An da soll ee virun allem Kleeder aus natierleche Fiberen undoe wéi Kotteng, Seid oder Léngent. Kaalt Waasser um Kierper hëlleft och, virun allem am Gesiicht, op den Äerm an hannert de Knéien. Eng kal Dusch ass nëmme bedéngt unzeroden, well de Kierper sech d’ Temperatur zeréckhëlt. Et sief dann, et geet een eemol d’Stonn kal duschen.

Hëtztwell och a Südwesteuropa

D’Hëtztwell betrëfft och aner Regiounen a Südwesteuropa. A Frankräich gouf et schonn e Freideg eng rout an orange Alerte fir 70 Departementer. E Freideg gouf et och en neien Temperatur-Rekord fir de Mount Juni an op d’mannst 11 franséische Gemengen, dorënner Carcassone mat 40,4 Grad.

E Samschdeg schwätzt Frankräich vun enger Zitat “wierklecher Ausnamesituatioun” mat Temperaturen bis 43 Grad. Donieft ass een am Hexagon scho méi laang mat enger Dréchent geplot an de Risiko fir Bëschbränn klëmmt.

A Spuenien brenne schonn zanter Deeg dausenden Hektar Land. E Freideg hunn iwwer 3.000 Leit aus engem Fräizäitpark missen evakuéiert ginn.

An a Norditalien gëtt iwwerdeems d‘Waasser rationéiert. Et géing een den Ament déi uergsten Dréchent zanter iwwer 70 Joer erliewen. 125 Gemengen dréine mëttlerweil de Waasser-Krunn nuets zou an d‘Bewässerung vun de Felder ass ganz staark limitéiert a kontrolléiert. Geschwënn soll de Noutstand ausgeruff ginn.

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?

Back to Top
CIM LOGO