An der Gemeng ConterWéinst Streidereie koum et elo um Aarbechtsgeriicht zum Prozess

Carine Lemmer
Ënnert anerem e laangjärege Mataarbechter hat Enn vum leschte Joer fristlos gekënnegt kritt.
© RTL Archiv

Säin Affekot hat wéinst Formfeeler d’Nullitéit vun där Kënnegung gefrot. E Freideg koum d’Ordonnance vum Geriicht, et ass keen Urteel.

Iwwer de Mobbing gouf net tranchéiert, dat wär d’Zoustännegkeet vum Riichter um Fong, an d’Kënnegung gouf net vun der Riichterin opgehuewen, well net konnt bewise ginn, ob de Mann gekënnegt krut, well hir Mobbing denoncéiert hat.

Den Affekot vum Gemenge-Mataarbechter (de Me Alex Penning) hat wéi gesot der Gemeng Conter zwee Formfeeler virgehäit a wëll géint déi Ordonnance an Appell goen.

No Mobbing-Reprochen an der Gemeng Conter: Onofhängeg Etüd iwwer Moderniséierung vun den Aarbechtsstrukturen an Optrag ginn

Back to Top
CIM LOGO