Ufank vun der LiesWënzer weise sech zefridden

Maxime Gillen
Et war wuel en Tick ze dréchen, ma déi vill Sonn huet de Miseler Riewe gutt gedoen.

Eng Partie Wënzer hunn dowéinst och elo scho mat der Lies ugefaangen. An allgemeng weise si sech och ganz zefridde mat der Qualitéit vun den Drauwen, déi si dëst Joer plécken.

Wäilies/Reportage Maxime Gillen

Wärend dat waarmt an dréchent Wieder fir vill Baueren immens schwiereg war, huet dat an de Miseler Riewe fir säfteg, zeideg a virun allem gesond Drauwe gesuergt. Ma fir d'Zukunft wënsche sech awer och d'Wënzer eng Grëtz méi Reen, wéi d'Michèle Mannes vum Domaine Häremillen erkläert:

„Am Moment si mir ganz zefridde mat der Qualitéit, wat mir hunn. Natierlech ass d'Joer dovunner bestëmmt, datt et net genuch gereent huet. Mir gesinn et och an de Wéngerten, d'Blieder fänken u giel ze ginn. Natierlech déi al Planzen, déi ganz déif hir Wuerzele scho gemaach hunn, déi hunn d'Chance, dass si esou e Stress besser meeschteren. An awer gesäit een och bei deenen, datt et esou lues och kritesch gëtt, well einfach déi lescht Summeren allgemeng vill ze dréchen an ze waarm waren.“

Allgemeng war 2020 natierlech och fir d'Wënzer net einfach. Si hätten zwar déi ganzen Zäit iwwer weider geschafft, ma bei de Ventë wieren d'Aboussen duerch d'Corona-Pandemie deels massiv agebrach, bedauert de Luc Duhr vum Domaine Clos Mon Vieux Moulin.

„Um Alldeeglechen huet sech haaptsächlech an der Vente eppes geännert. Ech mengen déi Foiren, Degustatiounen, eis Porte Ouverten, d'Wäifester, dat feelt eis schonn. Et feelt einfach dee flotte Moment op der Musel, deen nëmme ganz limitéiert stattfonnt huet. Natierlech schléit dat sech och den Zuelen erëm, déi sinn och elo net esou berauschend.“

Gläichzäiteg hätte vill Privatleit déi lokal Wënzer ënnerstëtzt, esou dass en Deel vun de Perten hätt kënnen opgefaange ginn. A souwisou hätt ee jo de Virdeel, dass d'Wuer net schlecht gëtt. Au contraire, e gudde Wäi gëtt jo mat der Zäit nëmmen nach besser.

 

Back to Top
CIM LOGO