Educatioun muss hir Responsabilitéit huelenWësse Jonker nach iwwer den Holocaust Bescheed?

RTL Lëtzebuerg
Den Zentrum fir politesch Bildung huet sech och dëst Joer nees vill mat deem Sujet auserneegesat.
Wësse Jonker nach iwwer den Holocaust Bescheed?
Den Zentrum fir politesch Bildung huet sech och dëst Joer nees vill mat deem Sujet auserneegesat.

E Méindeg ginn et op den Dag 75 Joer, dass d'Zaldote vun der Rouder Arméi d'Prisonéier vum fréieren däitsche Konzentratiounslager zu Auschwitz-Birkenau a Polen befreit hunn. Fir deen Anniversaire ass e Méindeg op der Plaz eng grouss Gedenkfeier. Vill international Staatscheffen a Politiker huelen Deel. Och Zäitzeie wäerten zu Wuert kommen an där ginn et ëmmer manner. Wat maachen, wann et keng Zäitzeie méi gëtt? Leit, déi aus éischter Hand erziele kënnen, wat den Holocaust war? D'politesch Bildung kritt eng ëmmer méi wichteg Roll.

Auschwitz-Birkenau/Reportage Pierre Jans

75 Joer ass et hier, d'Enn vum Zweete Weltkrich a vum Holocaust, dee 6 Millioune Judden d'Liewe kascht huet.

Egal wéi schlëmm dës Evenementer waren. Et ass eng Tatsaach, dass se méi wäit vun deene Jonken ewech réckelen, confirméiert den Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung Marc Schoentgen: ''An da kënnt ganz sécher nach dobäi, dass d'Transmissioun iwwer d'Famill, iwwer d'Elteren an d'Grousselteren net méi stattfënnt, well mir eben an der zweeter oder drëtter Generatioun nom Krich sinn.''

D'Educatioun muss deemno hir Responsabilitéit huelen. Den Zentrum fir politesch Bildung weist deemno och dëst Joer nees eng Partie Filmer, déi sech thematesch mam Holocaust auserneesetzen. De Kino erliichtert de Schülerinnen a Schüler den Accès an de komplexe Sujet.

''Mir kucke jo elo keng Dokumentarfilmer, mir kucke Fiktiounen, déi zum Deel op richtege Geschichte baséieren. Et ass natierlech ëmmer wichteg, den historesche Kontext nach eng Kéier ze präziséieren an ze soen: wat ass elo hei Fiktioun, wat ass tatsächlech geschitt. De Film ass en Ophänkert, fir iwwer historesche Faiten ze schwätzen. An och fir mat de Schüler ze schwätzen, wat d'Bedeitung vun deene Saachen haut ass. A wat fir eng Gefore fir d'Demokratie et haut gëtt.''

De leschte Freideg haten eng ganz Partei Klasse sech de Film ''Wunderkinder'' an der Stater Cinemathéik ugekuckt. Duerno gouf an Atelieren driwwer geschwat. Wéi wichteg ass et, dass Schülerinnen iwwert den Holocaust Bescheed ze wëssen?

Schülerinnen iwwer d'Wichtegkeet, dëst ze léieren

Vun de 4 Schülerinne war nach keng op Visitt an engem fréiere Konzentratiounslager. Den Zentrum fir politesch Bildung organiséiert awer och Reesen op Auschwitz, betount de Marc Schoentgen.

E Méindeg ass et dann de grousse 75. Commemoratiounsdag zu Auschwitz-Birkenau. Mat dobäi sinn de Grand-Duc Henri an de Premier Xavier Bettel.

Back to Top
CIM LOGO