UebstbauerenWiederkonditioune suerge fir duerchwuesse Recolte

RTL Lëtzebuerg
Et war am Fréijoer ze naass an dann an de Méint dono deels ze dréchen.
Duerchwuessene Bilan
D’Uebstbaueren hei am Land zéien een duerchwuessene Bilan dëst Joer bei hirer Recolte. Dat louch un den ze naassen an dann ze dréchene Wiederkonditiounen.

D’Uebstbaueren hei am Land zéien een duerchwuessene Bilan dëst Joer bei hirer Recolte. Den Nico Hoffmann ass ee vun hinnen a prodzéiert zu Lampech Äppel a Bieren. De Bilan vu senger Recolte fält wéi gesot duerchwuessen aus. D’Grënn sinn, dat et am Fréijoer naass war. Donieft, gouf et eng Period, wou et ze waarm an dréchen war.

D’Uebstbaueren hunn dann och Schutznetzer géint d’Knëppelsteng an de Sonnebrand. Déi filteren 18 Prozent vum Sonneliicht. D’Qualitéit vun de Recolte wier gutt. De Bilan bei den Äppel fält positiv aus. Duerch de Frascht waren vereenzelt Zorten awer méi déck. D’Bieren iwwerdeems ware manner grouss wéinst dem Frascht.

Bis ewell goufen tëscht 75 an 80 Tonnen Äppel zu Lampech gepléckt. Bei eisen däitschen Noperen an Rheinland-Pfalz fält d’Recolte awer gutt aus. Nëmmen a vereenzelte Betriber goufen et Schied wéinst dem Frascht. E groussen Problem war awer, dat wärend der Corona-Kris e groussen Deel vun de Leit, déi bei der Recolte hëllefen, Problemer haten, an Däitschland anzereesen.

Back to Top
CIM LOGO