Am PortraitWien ass den neie Familljeminister Max Hahn?

Mariette Zenners
Mam Max Hahn kënnt also en neie Member an d'Regierung, dee schonn eng gewësse politesch Erfarung huet.
Portrait Max Hahn
Mam neien Familljeminister kënnt also e Member an d’Regierung, dee schonn eng gewësse politesch Erfarung huet.

Den 42 Joer ale geléierten Elektro-Ingenieur ass 2005 mat 24 Joer Member vun der DP ginn, 2013 gouf hien eng éischte Kéier an d’Chamber gewielt. 2018 war hien Drëttgewielten am Süden hannert dem Pierre Gramegna an dem Claude Meisch.

Den demokratesche Politiker ass Spriecher vu senger Partei fir de Logement an huet sech als President vun der Familljekommissioun vun der Chamber wuel och opgedrängt, fir de Poste vun der Corinne Cahen z’iwwerhuelen.

Froe vun der Nohaltegkeet am Zesummenhang mat Mobilitéit, Klima an Ëmweltschutz gehéieren zu senge politesche Prioritéiten, awer och d’Landesplanung.

Zejoert war de Max Hahn Budgetsrapporter.

Als Schäffe vun Dippech war dem Max Hahn säin Zil, eng besser Liewensqualitéit fir d’Awunner an eng nohalteg Verkéiersberouegung a senger Gemeng ze schafen.

Den zukünftege Minister gouf bei de Gemengewalen e Sonndeg Zweetgewielten zu Dippech, hannert der LSAP-Buergermeeschtesch Manon Bei-Roller. Hie wier 1. Schäffe ginn a soll elo op deem Poste vum Luc Emering, dem President vun de Jongbaueren, ersat ginn.

Klickt hei, fir op den RTL-Walsite ze kommen
RTL-News: Successioun vum Corinne Cahen - De Max Hahn gëtt neie Familljeminister

Back to Top
CIM LOGO