Statec iwwer Corona-KrisWirtschaftlechen Impakt haaptsächlech op 2021, 2020 sécher och manner gutt

Pit Everling
Den Impakt vun der Corona-Kris op d'Ekonomie misst am Fong an der Zäit limitéiert sinn, sou de Statec an enger Nott am Zesummenhang mat der Pandemie.
© RTL Archivbild

Allerdéngs kéinten et och laangfristeg Konsequenze ginn, wéi eng Verschlechterung vun de Staatsfinanzen, Faillitten an der Privatwirtschaft oder nach méi laang Zäit am Chômage fir eenzel Persounen.

Allgemeng wier et awer nach ze fréi, fir den Impakt op d'wirtschaftlech Previsiounen ze berechnen, well den Impakt op d'Staatsfinanzen haaptsächlech op d'nächst Joer wäert falen. Dat eenzegt, wat sécher wier, wier, datt dëst Joer wirtschaftlech gesi wesentlech méi schlecht wäert si wéi erwaart.

Un där Sanitärkris hänkt eng Wirtschaftskris. Op alle Fall huet de Coronavirus dofir gesuergt, datt d'Previsiounen, déi fir 2020 gemaach gi waren, hifälleg sinn. Dat stellt de Statec am Konjunktur-Flash fir de Mount Mäerz fest.

Déi ekonomesch Aktivitéit wäert schwéier getraff ginn an déi ëffentlech Finanze wäerte sech verschlechteren.

Statec/Reportage Pit Everling

Aus enger Menace wier d'Realitéit ginn, sou iwwerschreift de Statec säin neie Konjunkturpabeier.

Wéi China nach den Zentrum vun der Epidemie war, ware sech och scho gewëss indirekt Impakter op d'europäesch Ekonomie erwaart ginn.

Ma Corona ass zur Pandemie ginn. Europa ass direkt a staark touchéiert. D'EU-Staaten huele strikt Confinements-Mesuren, fir d'Ausbreedung vum Virus ze verhënneren.

D'Resultat ass natierlech, datt d'Wirtschaft quasi steet den Ament. Déi ëffentlech Depensë ginn eropgeschrauft, zum Beispill via d'Accordéiere vu "chômage partiel".

Den Ament gëtt et a Punkto Enquêten nach keng detailléiert Zuelen aus dem Ekonomiessecteur. Vill méi séier hunn awer d'Finanzmäert negativ op d'Situatioun reagéiert.

Op alle Fall bréngt déi aktuell Situatioun Onsécherheete mat sech.
Och wann d'Kris selwer e verhältnesméisseg kuerzen Impakt op d'Ekonomie dierft hunn, wieren d'Sequellen awer net ofzegesinn.
Et wier also schwiereg, Previsiounen ze maachen, schreift de Statec.
Wat awer kloer ass, ass, datt d'Zenarie vill méi pessimistesch si wéi nach am Februar, wou keen dovunner ausgaange war, datt Europa esou staark géing getraff ginn.

D'EU-Kommissioun huet entretemps schonn eng Rezessioun fir d'Eurozon an d'Spill bruecht. Och Oxford Economics rechent dermadder, datt d'Wirtschaft an den Eurolänner schrumpfe wäert, ëm 2 bis 3 %.

D'Kommissioun huet wéinst der Corona-Situatioun elo d'Contraintë vum Budgetspacte méi labber gemaach. Entreprisë kréien héich Kreditter. De fonds européen d'investissement hëlleft mat Milliarden.
Derbäi kënnt, datt d'Corona-Kris an engem Kontext kënnt, dee souwisou scho schwiereg ass.

Wat Lëtzebuerg ugeet, war et an der Lescht manner d'Finanzplaz, déi d'Ekonomie un d'Dréine bruecht huet, mä virun allem den IT-Secteur.
Am Finanzsecteur goung et am éischten Trimester biergof an et wäert am zweete sécher net anescht sinn, wann ee kuckt wéi d'Boursse rezent an de Keller gerëtscht sinn.

Bei de leschte Previsioune war de Statec nach vun enger liichter Hausse beim Chômage ausgaangen, ma déi Hausse dierft mat der Pandemie bedeitend méi héich ausfalen.

D'Gréisstenuerdnung dierft änlech sinn ewéi bei der Kris 2008.
De chômage partiel dierft awer seng Roll als Amortisseur spillen.

PDF: Schreiwes vum Statec

Back to Top
CIM LOGO