
Du bass design-begeeschtert an hues en A fir Ästhetik, nei Konzepter a flott Animatiounen? Du kenns dech gutt an der Creative Cloud aus a verbréngs déng Fräizäit gären an de Soziale Medien? Du hues Loscht op en ofwiesslungsräichen Job an de Medien, bass prett, an engem kreativen Team ze schaffen, hues keng Angscht viru Journalisten an Deadlinen a gebrauchs déi digital Medien an dengem Alldag? Da komm bei eis!
RTL sicht e Grafiker / eng Grafikerin, fir säi Creative Hub ze verstäerken. Du schaffs aktiv mat beim Entwerfe vu Montagen a beim Konzipéiere vun neien Emissiounen. Du pushs eis Brands an hëllefs, Informatioune beschtméiglech ze vermëttelen.
Am Idealfall hues du mindestens e Bachelor-Studium (BAC+3) an Erfarung an den digitale Medien oder am Kommunikatiounsdesign. Du solls och sproochlech op der Héicht sinn, am Lëtzebuergeschen, Franséischen, Däitschen an am Engleschen.
Wa mir dech elo grad hei beschriwwen hunn an du interesséiert bass, da mell dech bis den 13. Mäerz mat CV a Motivatiounsbréif op job@rtl.lu.