RTL-Artikel iwwer Mobbing am ChemWuelbefanne vu Mataarbechter ass eis wichteg, esou de Verwaltungsrot

Maxime Gillen
De Verwaltungsrot vum Chem huet en Donneschdeg an engem Schreiwes op déi rezent Aussoen iwwer Mobbing am Spidol reagéiert.
© RTL Archivbild

Nodeems eng Rei Mataarbechter vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch, déi eegenen Aussoen no zanter Méint vun hirer Cheffin kujenéiert ginn, mat deem Problem bis bei d'Presidente vum Verwaltungsrot gaange sinn, an e Reportage iwwert hir Situatioun hei op der Antenn diffuséiert gouf, huet sech elo de Verwaltungsrot per Communiqué zu Wuert gemellt.

Et wier een am Gaangen, de Problem ze analyséieren. D'Wuelbefanne vun de Mataarbechter wier hinne wichteg an et géif een zanter Joren doru schaffen, d'Aarbechtskonditiounen ëmmer weider ze verbesseren, heescht et am Schreiwes.

A Punkto Mobbing hätt een ënnert anerem eng Kommissioun an d'Liewe geruff, déi dofir zoustänneg wier, ze klären ob et sech bei verschiddene Situatiounen effektiv ëm Harcèlement handelt oder net.

Op alle Fall wier een oppe fir Dialog, ma diffaméierend Reprochë géif een awer esou net wëlle stoe loossen, esou déi Responsabel vum Chem.

PDF Schreiwes Chem

Back to Top
CIM LOGO