D’Welt ass am Desequiliber an d’EU steet virun de gréissten Erausfuerderungen an hirer Geschicht. Aktiv Politik maachen a Stäerkt weisen oder virun den Autokrate kuschen, dat ass d’Fro.
Wéi d’Lëtzebuerger Aussepolitik an deem explosiven Ëmfeld agéiert, froe mer e Samschdeg de Xavier Bettel am Background. Mam liberale Vizepremier komme mer natierlech och op national Sujeten ze schwätzen a beliichten d’Effikassitéit vun der DP-Politik.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
“Background am Gespréich” leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d’Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik “Radio” bei Emissiounen “Background” wielen.