De Posten ass fräi ginn, nodeems de Franz Fayot Wirtschaftsminister ginn ass. Den neien LSAP-Parteipresident Yves Cruchten huet proposéiert, d'Statute vun der Partei z'änneren, fir eng Duebelspëtzt mat enger Fra an engem Mann z'erméiglechen. Dat sot den Yves Cruchten e Sonndeg de Moie bei senger Ried um uerdentleche Parteikongress zu Käerjeng. De Käerjenger Gemengeconseiller, Deputéierten a fréiere Generalsekretär ass eenzege Kandidat fir de Posten.
Um internationale Fraendag hunn d'Sozialiste fir d'éischte Kéier e reng weibleche Kongressbüro. D'Presidentin an d'Vize-Presidentin vun den LSAP-Frae Maxime Miltgen an d'Tina Koch hunn eng Motioun am Sënn vun der Gläichberechtegung presentéiert, déi eestëmmeg vun den 291 Delegéierten am Sall ugeholl gouf. Den Yves Cruchten huet deemno och eng Motioun am Sënn vun der Gläichberechtegung vun de Femmes socialistes begréisst. "Mir kënnen zefridde sinn, dass mer d'Paritéit an der Chamber hunn, och wann dat éischter en Zoufall war" sot d'Presidentin vun de sozialistesche Frae Maxime Miltgen, an och, datt d'Taina Bofferding an d'Paulette Lenert als Ministeschen eng gutt Aarbecht géife maachen. Ma et missten nach genuch Efforte gemaach ginn.
Maxime Miltgen: "Mir brauchen e konsequenten Opbauprogramm fir jonk Fraen iwwert déi nächst Joren. Mam Zil, dass mer d'Waléchéance vun 2023 mat paritéitesche Lëschten uginn. Jhang, Dan a Mars, dir musst elo jonk Fraen ënnert är breet politesch Flilleken huelen a se fir 2023 op Orbit setzen. Mir mussen eis Partei speziell fir Wielerinnen attraktiv maachen. Oft gëtt gesot, datt jonk Frae sech nun emol net sou interesséiere fir d'Politik wéi jonk Männer. Mä gëschter, wann een op deem Streik war, wou esou vill engagéiert jonk Fraen dobäi waren, da muss ee leider feststellen, dass et der ginn, mä dass se net an eiser Partei sinn, mä an anere Parteien, also läit et wuel éischter un eis."

Doriwwer eraus géifen et awer wéineg Liichtblécker ginn: d'LSAP wier mat Ausnam vun der ADR déi eenzeg Partei gewiescht, déi 2018 nëmme mat männleche Spëtzekandidate fir d'Chamberwalen ugetruede sinn. D'Maxime Miltgen huet sech dofir fir paritär Lëschte bei deenen nächste Walen ausgeschwat.
Nieft Selbstkritik vun de sozialistesche Frae gouf et awer och Kritik un anere Parteien: D'ADR soll an hirem Stall raumen oder d'Demokraten an der Partei solle sech eng nei politesch Famill sichen. Déi Opfuerderung huet den Dan Kersch e Sonndeg de Moien un d'ADR geriicht. Verschiddener vun hinne kéinten och bei der LSAP ënnerkommen.
Den LSAP-Vizepremier an Aarbechtsminister huet vu riets-populistesche Memberen an der ADR geschwat an Deputéierten, déi hiert Mandat géifen notzen, fir hinnen de Wee fräi ze maachen. Déi misste sech froen, ob dat den historesche Rôle wier, dee si zu Lëtzebuerg wéilte spillen. An Zäiten, an deene riets-populistesch Stëmmen an Europa méi haart géife ginn, missten d'Demokraten zesummenhalen.
Dan Kersch:"Et ass duerfir néideg, datt mir ufänken, deene falsche Saubermänner an der Chamber d'Mask erof ze zéien, fir datt d'Leit endlech hir elle Fratz gesinn. Et ass néideg, dass mir déi identifizéieren, déi vu klenge Steiererliichterunge vun der Wittfra schwätzen an a Wierklechkeet Steiergeschenker a Milliounenhéicht fir déi räich a super-räich mengen. Et ass néideg, dass mir déi demaskéieren, déi uginn, dee klenge Schrebergaart vum klengen Aarbechter ze schützen an a Wierklechkeet just d'Interête vun de Groussgrondbesëtzer am Bléck hunn. Et ass néideg, dass mer déi denoncéieren, déi bereet sinn, Mënschen am Mëttelmier erdrénken ze loossen an déi attackéieren a beleidegen, déi Mënsche rette wëllen."