Esouguer an de Couloire waarde Kanner an Elteren. Den 11 Joer ale Lennox huet sech den Hals verrenkt. Seng Mamm ass frou iwwer déi nei Offer hei zu Ettelbréck, déi 7 Deeg op 7 vu Moies 8 bis Owes 8 funktionéiert. “Ech fannen dat super, dann ass dat Gerenns an d’Stad eriwwer. Ech fannen et einfach praktesch”, seet d’Candy Brecht. Ugeholl ginn an der Urgence pédiatrique am CHdN just liicht a moderat Fäll. Fir Hospitalisatiounen oder psychiatresch Problemer, bleift d’Kannerklinik d’Ulafstell.
Am Ausland huet de CHdN 4 vun de 5 Kannerdokteren fonnt, déi sech deen neie Service ënnereneen opdeelen. Jiddereen iwwerhëlt deemno am Schnëtt 6 Garden de Mount. Och d’Maternité, déi jo am Fréijoer 2022 zwee Méint laang huet missen zoubleiwen – wéinst Mangel u spezialiséierten Doktere fir Urgencë bei Neigebuerenen – gëtt duerch déi Pediatere verstäerkt.
“Vu datt déi hei Ekipp och an der Neonatologie hir Kompetenzen huet, ass déi Ekipp dann 24h/24 disponibel fir neonatologesch Urgencen an der Maternité.” erkläert den Dr Jean-Marc Cloos, Directeur médical vum CHdN.
Den Dr Cloos confirméiert awer och d’RTL Informatiounen, deenen no an der Kardiologie nees Verstäerkung gebraucht géif. Vun de 4 Häerzdokteren, déi zejoert am Spidol ugefaangen hunn, wären der just nach zwee fir de Bereetschaftsdéngscht disponibel. Eng Kardiologin wier am Congé de Maternité an een aneren Häerzdokter hätt aus perséinleche Grënn seng Demissioun agereecht. Hie géif zréck an Däitschland goen.
Déi zwee aner Dokteren hätten assuréiert, d’Astreinten am Moment weider ze maachen. Si géifen och en drëtten Dokter sichen. “Mee et ass awer net déi selwecht Situatioun wéi virun engem Joer. Mir hunn nach ëmmer eng funktionéierend Kardiologie hei am CHdN”, betount den Dr Cloos.
Am Hierscht 2022 hat deen deemolege Kardiologie-Grupp jo gekënnegt. D’Doktere wollten eng besser Work-Life-Balance. Wéinst de Garden an Astreinten war dat am Spidol awer schwéier.