Och Lëtzebuerg betraffZanter dem 24. Februar sinn a ganz Europa Wandrieder deels gestéiert
De Grond wier, dass den europäesche Reseau vum Satellittebedreiwer VIASAT Europa Limited beaflosst gouf, warscheinlech duerch eng Cyberattack.
Verëffentlecht: 08.03.22 06:38, Update: 09.12.25 10:50
Och Wandrieder vun der Lëtzebuerger Firma Soler wiere betraff. Dat äntweren d’Ministere Bettel a Kox op eng parlamentaresch Fro vun der CSV. D’Situatioun wier awer net direkt kritesch fir de Fonctionnement, well d’Wandrieder och ouni Satellitteverbindung kéinte bedriwwe ginn.