Lëtzebuerger Camion a FlamenZeie rett Chauffer, belsch Pompjeeë rosen iwwer Entreprise

RTL Lëtzebuerg
Op der E25 koum et zu engem Tëschefall, deem dem Pompjee-Kommandant vun der Province de Luxembourg an der Belsch sauer opstéisst.

E Mëttwoch de Moien kuerz no 11 Auer huet e Camion, deen wéi d'belsch Medien schreiwen zu Lëtzebuerg immatrikuléiert ass, op der Héicht vun der Baraque de la Fraiture Feier gefaangen.

En Zeien, deen och e Video vum Tëschefall gemaach huet, huet dem Chauffer wuel d'Liewe gerett.

"J'ai vu un camion qui roulait et commençait à prendre feu. Il s'est garé sur la bande d'arrêt d'urgence. J'ai commencé à regarder autour de moi, je n'ai vu personne. Donc je me suis tout de suite dit que le conducteur était encore à l'intérieur. Je n'ai pas hésité, j'ai couru pour l'aider à sortir" sou de Yanis vis-à-vis vun RTL.be.

Et war awer net just en normaalt Feier, wat d'Rettungsekippen awer am Virfeld net wossten an dowéinst sinn d'Pompjeeën e grousse Risiko agaangen, fir de Brand ze läschen. Déi sougenannten "ADR"-Plackett, déi de Rettungsdéngschter weise soll, datt geféierlech Produiten transportéiert ginn, huet beim Camion gefeelt, kritiséiert de Kommandant vun der Zone de Secours du Luxembourg Stéphane Thiry. Dës Plackett wier awer eng europäesch Reglementatioun an all Transporteur misst sech drun halen, sou de Kommandant am Interview mat RTL.be.

Zum Gléck ass awer weider näischt geschitt, well d'Pompjeeën eben all Virsiichtsmoossname getraff haten an d'E25 op deem Deel späre gelooss hunn.

Back to Top
CIM LOGO