
Wéi d'Police mellt, goufen d'Täter vum Hausbesëtzer iwwerrascht, déi duerno geflücht sinn. De Proprietär ass den Onbekannten nogelaf, déi sech duerch den Zentrum vun Hesper, duerch d'Route de Thionville, den Hesper Park ewechgemaach hunn.
Um Parking vis-à-vis vun der Place Paul Jomé sinn d'Täter an en Auto geklommen, dee si hannert de Busarrêt "Am Keller" geparkt haten. An deem klengen däischtere Won mat däitsche Placke si si um Enn a Richtung Bouneweg gefuer.
Den Hausbesëtzer huet ee vun de Brigange probéiert unzehalen a gouf vum Fluchtwon bis bei d'Kräizung an der Géigend vun der Kierch matgeschleeft. Hei hat de Mann den Halt verluer an ass op d'Strooss gefall.
Wéi d'Police weider schreift, stoungen e puer Persounen um Busarrêt "Am Keller" (Hesper Richtung Stad).
Sämtlech Zeie solle sech bei der Stater Police um 244404500 mellen.