
D’Police sicht no engem Trickdéifstall, zu deem et den 3. Oktober zejoert zu Éilereng komm ass, no Zeien. Op deem Dag hat et géint 18.35 Auer owes beim Affer un der Dier geschellt. Wéi dëst d’Dier opgemaach huet, stoung do e Mann, dee sech als Livreur vun enger Apdikt ausginn huet. Nodeems hien dem Affer e Pak ginn huet, huet hie gefrot, ob hie kéint d’Toilette benotzen. D’Affer huet dem Mann dëst erlaabt. Wéi de Mann dunn am Haus war, huet hien ënner anerem Bijouen a Sue geklaut.
Beim presuméierten Täter soll et sech ëm en ongeféier 25 Joer ale Mann handelen. Hien ass ongeféier 1.80 Meter grouss an huet donkel Hoer. Nodeems hien d’Haus verlooss huet, ass hie mat engem groe Peugeot 208 mat enger franséischer Plack fortgefuer.
Wien Informatiounen iwwert déi gesichte Persoun huet, ass gebiede sech beim Policekommissariat zu Bieles ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 52 1000 oder via Mail u Police.Belvaux@police.etat.lu.