LamadelaineZeienopruff no kierperlechem Iwwergrëff op mannerjäregt Meedchen

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend tëscht 18 an 19 Auer koum et tëscht der Rue du Vieux Moulin a Rue Eucosider zu engem kierperlechem Iwwergrëff.

Geschitt ass de Virfall an enger ofgeleeëner Strooss zu Rolleng (Lamadelaine), déi vu Foussgänger a Cycliste benotzt gëtt, an der Géigend vun den CFL-Ofstellgleiser.

Beim Täter handelt et sech éischten Informatiounen no ëm e jonke Mann vun donkeler Hautfaarf. Hie soll 1,75 Meter grouss sinn an d’Affer op Lëtzebuergesch ugeschwat hunn.

An deem Kader sicht d’Police elo no Zeien. Wien eppes gesinn huet, soll sech bei der Police judiciaire Dikrech ënnert der Nummer (+352) 244 80-1000 oder via Mail op police.diekirchvianden@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO