
D’Ausernanersetzung war tëscht e puer Persounen, heibäi goufen 2 Leit blesséiert. An deem Kader sicht d’Police elo no méiglechen Indicen.
Zeien, déi Informatiounen iwwert den Oflaf vun der Ausernanersetzung sou wéi iwwert déi bedeelegt Persounen hunn, gi gebieden, sech bei der Police vun Iechternach iwwert Telefon ze mellen, dat um (+352) 244 72 1000 oder per E-Mail (police.echternach@police.etat.lu).