Um KierchbiergPolice stellt Gasdrock-Pistoule bei Jugendleche sécher

RTL Lëtzebuerg
D'Pistoule goufen, grad ewéi weidert Ekipement, dat bei d'Waffe passt, op Uerder vum Parquet saiséiert.
Modeller vu Loftdrockpistoulen, déi täuschend echt kënnen ausgesinn.
Modeller vu Loftdrockpistoulen, déi täuschend echt kënnen ausgesinn.
© THOMAS OLIVA/AFP

Géint 21:10 Auer E Freidegowend krut d'Police gemellt, dass e puer Jugendlecher mat Waffe sech an engem Parkhaus an der Avenue John F Kennedy um Kierchbierg géingen ophalen.

Eng Patrull ass op d'Plaz gefuer a konnt déi Jonk lokaliséieren. Zwee vun hinnen hunn hir Waffen de Beamten iwwerginn. Et huet sech erausgestallt, dass et sech ëm Gasdrock-Pistoule gehandelt huet. Dës goufen, grad ewéi weidert Ekipement, dat bei d'Waffe passt, op Uerder vum Parquet saiséiert.

An dësem Zesummenhang erënnert d'Police un d'Gesetzer, déi am Zesummenhang mat Loft- a Gas-Pistoule gëllen.

Back to Top
CIM LOGO