
Am Laf vum leschte Joer goufe wärend am Ganze fënnef Wochen am Kader vun der Campagne “Hazeldonk” Kontrolle gemaach. Am Ganze waren 8.400 Agenten aus der Belsch, Frankräich a Lëtzebuerg un dëse bedeelegt.
Am Kader vun deene verschiddenen Operatioun goufe Kokain, Cannabis, Haschisch, Heroin, Ketamin, Amphetamin, MDMA, syntheetesch Cannabinoiden a Lachgas saiséiert, grad ewéi 1.125.801 Euro, 129 Gefierer. Ausserdeem goufen 273 Persoune festgeholl an et goufen 388 Chaufferen erwëscht, déi sech ënnert dem Afloss vun Drogen hannert Steier gesat hunn.
D’Kooperatioun “Hazeldonk” tëscht der Belsch, Lëtzebuerg a Frankräich gëtt et zanter 2006. D’Zil ass eng gemeinsam Lutte géint de grenziwwerschreidenden internationalen Drogenhandel.
Am Kader vun der Campagne hätte sech der Police no eng Partie Tendenzen erauskristalliséiert: Et géife grouss Zomme vu Suen transportéiert. Den Transport géif och vu Persoune mat atypeschem Profil duerchgefouert, zum Beispill vu Famillje mat Kanner, eeler Leit oder Taxischaufferen. Et géifen ëmmer méi dacks op de Schinnentransport zeréckgegraff. D’Transportmethoden selwer an d’Methode fir déi transportéiert Wueren ze verstoppe géifen ëmmer méi professionell.