All Patron gouf an Tëschenzäit informéiert a krut d'Recommandatioun, dëst Dokument un all däitsche Resident, ausgefëllt an ënnerschriwwen, weiderzeginn, deem säi Service op der Aarbechtsplaz noutwendeg ass. Dokument gouf en Urgence vum Ministère ausgeschafft, nodeems de Bundesinneminister Horst Seehofer e Sonndeg matgedeelt huet, dass Däitschland d'Grenzen zoumécht.
Bei der Grenzkontroll muss e Pendler den Zertifikat vum Employeur an Carte d'identité presentéieren oder de Certificat de Residence.
Et bleiwen awer vill Froen op. Wei zum Beispill: Wat geschitt, wann e Lëtzebuerger, deen an Däitschland wunnt, sech net ugemellt huet? „Eng Umeldung ass ëmmer gutt, well mir e Register hunn. Et soll sech jiddereen umellen, deen an Däitschland wunne kënnt. Et kann een dat natierlech vergiess hunn, mä da froen mir eng Preuve, dass hien do wunnt. Mat enger Strooss oder Telefonsnummer zum Beispill an da kann déi Persoun areesen. Mir maachen dann natierlech e Rappell, dass déi Persoun sech esou séier wie méiglech soll ëmmellen", esou de Stefan Döhn, Pressespriecher vun der Bundespolizei Trier.
Falls e medezinescht Traitement an engem däitsche Spidol noutwendeg ass, ass dat weiderhi kee Problem fir anzereesen.
Och bei getrennte Familljememberen, wou déi eng Persoun an Däitschland an déi aner zu Lëtzebuerg lieft, gesäit déi däitsch Police kee Problem, fir Kanner sichen ze goen.
Aus Lëtzebuerger Siicht ass een drop preparéiert, falls Frankräich géif decidéieren, d'Grenzen zouzemaachen. E Méindeg den Owend gouf den Zertifikat fir déi franséisch Frontaliere public gemaach, am Fall wou d'Grenze géifen zougemaach ginn.
Hei fannt Dir de Formulaire:https://gouvernement.lu/dam-assets/documents/actualites/2020/03-mars/certificat-frontaliers.pdf
