No HäerzinfarktZoustand vu Félix Braz ass eescht, mä stabel

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg de Mëtteg ass et d'Nouvelle, dass den Zoustand vum Félix Braz eescht ass, mä stabel. En ass weiderhin op der Intensivstatioun.

5 Deeg nodeem den Vize- a Justizminister Félix Braz bei engem privaten Openthalt an der Belsch en Häerzinfarkt hat, beschreift d'Regierung um Dënschdeg de Mëtteg de Gesondheetszoustand vum Politiker an engem offiziellen Schreiwes als "eescht, mä stabel".

VIDEO: Gesondheetszoustand vum Felix Braz - Interview mam F. Bausch
Den 53 Joer ale Minister Félix Braz ass weider op der Intensivstatioun an engem belsche Spidol a gëtt do medezinesch traitéiert.

Wéi et heescht, läit den 53 Joer ale Minister weider op der Intensivstatioun an engem belsche Spidol a gëtt do medezinesch traitéiert.

Well den aktuelle Gesondheetszoustand et dem Félix Braz net erlaabt, fir seng Regierungsfunktiounen als Vize- an Justizminister wouer ze huelen, huet de Parteikolleg an Defense- a Mobilitéitsminister François Bausch d'délégation de signature iwwerholl.
Et wiert haart fir politesch Decisiounen ze huelen, sot eis de Minister François Bausch am Interview. Et misst een elo déi medezinesch Evolutioun ofwaarden a kucken, wéi a wéi séier de Félix Braz sech erhëlt. Dofir géing hien elo d'Gestioun vun de lafende Geschäfter iwwerhuelen, esou de François Bausch. E Freideg 8 Deeg am Ministerrot géing ee weider gesinn.

Wat bedeit et, wann e Minister d'Délégation de signature kritt?

Délégation de signature
Reegelméisseg ginn a Vakanzen Ministeren duerch Amtskollegen ersat. Ma och a Krankheetsfäll gëtt dëst gemaach.

Reegelméisseg ginn a Vakanzen Ministeren duerch Amtskollegen ersat. Ma och a Krankheetsfäll gëtt dëst gemaach. Et ass net déi éischte Kéier, datt et zu Lëtzebuerg an enger Regierung wéinst Krankheet zu enger „Délégation de signature“ kënnt. Am November 2001 huet den deemolege Premier Jean-Claude Juncker déi lafend Geschäfter vum Aarbechtsminister François Biltgen iwwerholl, dat nodeems dësen an enger Therapie wéinst Broschtkriibs war. No 7 Wochen huet de François Biltgen seng Aarbecht nees opgeholl.

Iwwerhëlt een anere Minister déi lafend Geschäfter, kann dësen iwwert d’Delegatioun de signature Dokumenter ënnerzeechnen, ma kann am Prinzip keng politesch Decisiounen huelen. Delaie wéi laang esou eng Iwwergangsléisung méiglech ass, gëtt et net.

Fält e Minister fir méi laang Zäit aus, kann een anere Member vun der Regierung de Ministère "Faisant fonction" iwwerhuelen, wat och aner Remaniementer, also Changementer bannent der Regierung mat sech brénge kann. Eng Méiglechkeet ass an esou engem Fall eng weider Persoun an d’Regierung ze huelen, dat kënnen net-gewielte Leit sinn. Réckelt een aus der Chamber no, dierf dëse spéider net méi an d’Parlament zréck.

Offiziellt Schreiwes

Félix Braz toujours hospitalisé en Belgique (27.08.2019)
Communiqué par: ministère d'État

Le Vice-Premier ministre, ministre de la Justice, Félix Braz, se trouve à l'heure actuelle toujours en soins intensifs en Belgique. L'établissement d'un diagnostic médical précis nécessite des examens complémentaires.

Les affaires courantes du ministère de la Justice seront couvertes par le ministre de la Défense, ministre de la Mobilité et des Travaux publics et ministre de la Sécurité intérieure, François Bausch.

Pour l'instant, le gouvernement ne peut communiquer plus de détails et prie de respecter la vie privée du ministre et de sa famille.

Back to Top
CIM LOGO