
Déi ëffentlech Hand deet sech schwéier domadder, séier genuch bezuelbare Wunnraum ze schafen. Een extreemt Beispill gëtt et an der Stauséigemeng, méi genee zu Harel, wou zanter ronn 20 Joer ee Bauterrain am Besëtz vun der SNHBM ass, op deem awer nach näischt respektiv nach net ganz vill geschitt ass. An dat géing an éischter Linn dorunner leien, datt d’Mentalitéit am Nordweste vum Land e bëssi eng aner wéi am Rescht vum Grand-Duché ass.
Et geet ëm knapp véier Hektar, déi zu Harel “um Bierg” leien. Den Terrain gehéiert der Société Nationale des Habitations à Bon Marché, kuerz SNHBM, schonn zanter ronn 20 Joer an et gëtt och ee PAP, deen de Bau vu 67 Wunnunitéite virgesäit. Ma bei der SNHBM huet een awer gezéckt, fir de Projet sou wéi virgesinn ze realiséieren. Dat well gefaart gouf, datt een d’Haiser respektiv Wunnenge wéinst dem Bail emphytéotique vun 99 Joer guer net oder just zu engem ganz klengen Deel verkaaft krit. Well d’Terrainspräisser an deem Eck vum Land um private Marché ee Krack méi niddreg wieren, géingen d’Leit net agesinn, eppes vun der SNHBM ze kafen, wat hinnen dono awer net ganz gehéiert. An d’Gemeng wier net vun der Méiglechkeet begeeschtert gewiescht, datt all déi 67 Wunnunitéiten an d’Locatioun kéinte goen. Den Direkter vun der SNHBM Guy Entringer géing sech dowéinst e bëssi méi Spillraum wënschen, ouni awer direkt dee ganze System a Fro ze stellen.
“D’Regierung seet dem Promoteur publique, den Terrain gëtt ëmmer an der Emphytéose weiderginn an och mat engem Droit de préemption vun 99 Joer. Dat ass einfach de Kader, deen d’Regierung setzt an als SNHBM hale mir eis dorunner, mir kënnen dat absolut respektéieren. Mir hu jo zesumme mat der Regierung, mam Minister a mat der Gemeng eng Léisung lo fonnt fir deen adaptéierte Site, mir kënnen domadder liewen. En général ass d’Emphytéose dee richtege Wee, fir eng bezuelbar Wunneng ze schafen, vläicht eben net op där Plaz.”Well et scho laang hier ass, datt de PAP ugeholl gouf, géing deen net méi wierklech den haitege Standarde vu Bauprojeten entspriechen.“Et dierf een net vergiessen, mir sinn zu Harel an do dierf een net sou dense baue wéi an der Stad, dat ass evident. Mee wann een haut awer trotzdeem op véier Hektar nëmme 67 Wunnenge plangt, wat eng Densitéit vu 17 wier, dat ass net méi adaptéiert. Haut ass ee Projet awer trotzdeem op mannst mat 25 oder 30 Unitéiten op den Hektar virzegesinn, dat ass den haitege Standard.”
Elo wäert awer Beweegung an den Dossier kommen. Dat läit an éischter Linn un der Stauséigemeng, déi een Deel vum Terrain vun der SNHBM zeréckkaaft huet. Dem Buergermeeschter Marco Koeune no kéint et nämlech net sinn, datt engersäits vu Wunnengsnout geschwat gëtt an anerersäits ee Bauterrain, deen der ëffentlecher Hand gehéiert, einfach broochleie gelooss gëtt. Dobäi kënnt, datt d’Infrastrukturen, also d’Stroossen, d’Elektrescht an d’Uschlëss, schonn zanter enger Partie Jore fäerdeg sinn, an d’Gefor bestoe géing, datt se deelweis verkommen, wa sech näischt deet. Wärend d’Gemeng elo 40 Bauplaze verkafe wäert, wäert d’SNHBM 24 Appartementer an dräi Eefamilljenhaiser bauen, fir se ze verlounen. Dem Guy Entringer no ass dat een eemolege Virgank, deen net stellvertriedend fir dat ganzt Éislek stoe géing.
“Rezent si Leit op Heischent an ee Projet erageplënnert, mir wäerte lo nach vill aner Projeten am Norde maachen. Mir wäerten zu Hëpperdang bauen, zu Buerschent, zu Groussbus oder och zu Housen wäerte Projete kommen. Also mir ginn eigentlech lo réischt an den Norden, mee vläicht méi no un d’N7 wéi ganz no un déi belsch Grenz.”Wat Harel ugeet, plangt ee bei der SNHBM, am zweete Semester 2027 mat Bauen unzefänken.
Fir d’Stauséigemeng mat hiren eppes méi wéi 2.300 Awunner hätt et op alle Fall ee gewëssen Impakt, wann zu Harel, wou eng 600 Leit wunnen, 67 zousätzlech Wunnunitéiten entstinn.