Samu op der PlazZu Hollerech gouf eng Persoun vun engem Auto ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdegowend respektiv Mëttwochmoie sinn op eise Stroossen dräi Persoune bei Accidenter blesséiert ginn.
© Jeannot Ries

Um 19.25 Auer en Dënschdeg gouf et ee Blesséierten, wéi sech zu Bieles zwee Autoen ze pake kruten. D’Pompjeeën an d’Ambulancieren aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng waren hei am Asaz.

Um 7.05 Auer en Dënschdegmoie gouf dann den Noutdokter vum Samu op de Boulevard Pierre Dupong geruff. Hei ass eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn. Nieft dem Noutdokter waren heit och d’Pompjeeën an d’Ambulancieren aus der Stad op der Plaz.

Ee weidere Blesséierte gouf et dann nëmmen e puer Minutte méi spéit, wéi sech um CR132 tëscht Bech a Bruch zwee Autoen ze pake kruten. D’Ambulanciere vu Mamer an d’Pompjeeë vu Stengefort goufen hei an den Asaz geruff.

Back to Top
CIM LOGO