
Eng Koppel mat engem Hond krute do Sträit mat engem Mann a wärend der Ausernanersetzung gouf d’Koppel liicht blesséiert.
Fir genau ze klären, wat geschitt ass, sicht d’Police elo no Zeien, déi eppes matkritt hunn oder soss Informatiounen hunn. Déi Zeie solle sech bei der Police zu Iechternach um (+352) 244 72 1000 oder per E-Mail op police.echternach@police.etat.lu mellen.