Explosioun an engem AtelierZu Rolleng gouf e Mann bei engem Aarbechtsaccident schwéier blesséiert.

RTL Lëtzebuerg
De Mann huet nom Accident mussen hospitaliséiert ginn.
Eng Ambulanz vu bannen.
© Jeannot Ries

Géint 14:15 Auer en Donneschdeg krut d'Police en Aarbechtsaccident op der Route de Luxembourg zu Rolleng (Lamadelaine) gemellt. Éischten Informatiounen no gouf et hei eng Explosioun an engem Atelier, bei där en Aarbechter schwéier verbrannt gouf. De Mann huet mussen hospitaliséiert ginn.

D'Inspection du travail et des mines ass op d'Plaz komm an op Uerder vum Parquet gouf e Protokoll geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO